Pensiounskeess-Reserven an 20 Joer eidel
© Shutterstock
D'Regierung consultéiert, mee kommunizéiert weider net, wéi d'Positioun vu Schwaarz-Blo a punkto Pensiounsreform ass.
Ëmmerhi leie lo aktualiséiert Projektioune mat 3 Datumer um Dësch, éier an zwou Wochen d'Chamber fir eng éischt Consultatiounsdebatt beienee kënnt.
Dem leschten Zenario vun der IGSS no misst d’Chamber, esou wéi d’Reform vun 2013 virgesäit, falls d’Depensen iwwert d’Recettë klammen, d’nächst Joer schonn de Reajustement moderéieren. U sech war bis ewell vun 2028 eréischt geschwat ginn, bis deen Defizit erreecht gëtt. Dee Reajustement gëtt op d’Evolutioun vun der Lounentwécklung gemooss a geschitt normalerweis automatesch. D’Rente bleiwen iwwerdeems awer weider indexéiert.
2039 dann soll de legale Seuil vun de Pensiounsreserven iwwerschratt ginn. Och dat zwee Joer éischter wéi geduecht. Definitiv wieren dann d'Reserve vun der Pensiounskeess 2045 opgebraucht, also a genee 20 Joer.
Dës 3 Datumer gëllen de Seuilen no, déi duerch d'Reform vum Pensiounssystem 2013 fixéiert goufen. Um Mëttwoch kruten d'Deputéiert an der zoustänneger Chamber-Sozialkommissioun dës aktualiséiert Termäiner presentéiert.
2022 goufen et 200.000 Pensionäre par rapport zu enge 500.000 aktiven Awunner. Bis 2050 wäerte sech dës Chiffere verduebelen - bis 2070 souguer verdräifachen.
D'Ministesch Martine Deprez wëll bis d'Chamberdebatt all d'Meenunge vun de Chamber-Fraktioune beieneen hunn: Ënner anerem also iwwert de Montant vun de Pensiounen, de Verglach tëscht den zwee Pensiounssystemer grad wéi de Pensiouns-Antrëttsalter.