De Mouveco weist der Reform vum Naturschutzgesetz déi Rout Kaart an dreet mat juristesche Schrëtt.

Kritik vum MouvEco / Reportage: Chris Meisch

De Mouveco weist der Reform vum Naturschutzgesetz déi Rout Kaart an dreet mat juristesche Schrëtt.
D’Lëtzebuerger Regierung wëll, dass méi a méi séier gebaut gëtt, ma d'Reform vum Naturschutzgesetz stellt an den Ae vum Mouvement Ecologique awer eng Gefor fir d’Biodiversitéit an eisen Uertschaften duer. Entgéint den Aussoe vun der Regierung wäert et domadder op laang Siicht net méi, mä manner Gréngs an eisen Dierfer a Stied ginn, sou de Mouveco. Och d'Acceleratioun vu Prozeduren, déi versprach gouf, géing sech a Grenzen halen.

Datt Lëtzebuerg méi Wunnraum brauch, stellt de Mouveco net a Fro, ma de Reformtext vum Naturschutzgesetz géing awer net vill Virdeeler, mä Schued bréngen, esou d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique. D’Biodiversitéit an d’Liewensqualitéit vun de Leit géinge manner ginn
 
"Mir hunn een Naturschutzgesetz. D’Naturschutzgesetz huet als éischt Zil, d’Natur ze schützen a wa méiglech, den Zoustand vun der Natur ze verbesseren, dat am Interêt vun der Biodiversitéit a vun de Leit. Genau déi doten Ziler ginn an eisen Ae mat dësem Gesetzesprojet mat Féiss gerannt an da kënnt och nach dobäi, dass mir mengen, dass eenzel Bestëmmungen dozou féieren, dass dat, wat si wëllen, nämlech dass méi séier ka gebaut ginn, Mol iwwerhaapt net erreecht gëtt."
 
D’Regierung géing net sécherstellen, dass d’Gréngflächen a Biodiversitéit, déi beim  Bauen zerstéiert ginn, och wierklech adequat kompenséiert ginn. D’Regierung wëll beim Bau Inventairë vun Aarten sträichen, ënnert dem Virwand Prozeduren ze vereinfachen. D'Claire Wolff, Responsabel fir d’Biodiversitéit:

"A mir soen: 'Nee, déi Inventairë mussen trotzdeem gemaach ginn, fir eeben ze kucken, wat do ass, fir et doduerch ze schützen.' Dat heescht, Inventairë musse gemaach ginn, mee éischtens: déi Inventairë sollen einfach direkt am Ufank vun engem Bauprojet gemaach ginn, fir net onnéideg ze verzögeren. Zweetens: Verschidden Aarte solle vum Staat erhuewe ginn, fir dass dat net un de Privatleit hänke bleift a wann esou ee groussflächegen Inventaire gemaach gëtt, da kéint een do direkt Ausgläichsmoossname virgesinn, eeben och zum Beispill, dat ass déi drëtt Léisung,an engem Plan vert vun enger Gemeng."
 
De Mouvement Ecologique gesäit bei de Regierungspläng keng Relatioun tëscht Zerstéierung a Kompenséierung vun de Gréngflächen an der Aartevillfalt. Weider géif et grondsätzlech un enger fachlech fondéierter Dategrondlag vum Ëmweltministère feelen. Nach eemol d’Presidentin vum Mouveco:
 
"Ech wëll och nach eng Kéier hei betounen, dass de Gesetzesprojet net an den entspriechende fachleche Gremie geschwat ginn ass. Et gëtt den Observatoire vum Naturschutz, wou Fachleit d’Ministere begleeden, et gouf an deem Fachgremium net geschwat. An eleng schonn nëmmen doduerch, dass de Minister net ka beleeën, dass déi Kompenséierungen och wierklech en Ausgläich fir d’Zerstéierung sinn, eleng schonn nëmmen duerch d’Tatsaach, dass deen Noweis net kann erbruecht ginn, dat ass absolut inakzeptabel, dass de Minister esou eppes op den Dësch leet, well dat misst d’Kärstéck vun dem Ganze sinn."
 
Wa sech weiderhin näischt um Reformtext ännere géing, ass de Mouveco decidéiert, bei d’Europäesch Kommissioun ze goen an all juristesch Mëttel anzesetzen, fir sech ze wieren.
 
Fir d’Logementskris an de Grëff ze kréien, soll ënner anerem d’Renovatioun vun ale Gebaier gefërdert ginn. Schätzungsweis géinge 5-10% vun de Gebaier zu Lëtzebuerg eidel stoen.