U wéi enge Schrauwe soll bei der Pensiounsreform gedréint ginn? D'Regierung hält bis elo jo nach mat hiren Iddien hannert dem Bierg.

Déi Lénk hunn en Donneschdeg hir Proposen der Press virgestallt. D'Oppositiounspartei gesäit fir den Ablack kee Besoin fir eng strukturell Reform.

Pensiounseform déi Lénk / Rep. Emma Felgen

Déi Lénk äussere sech kritesch zu den Zukunftsiddië vun der Regierung zum Rentesystem. Dräi Mesurë wieren dem Marc Baum no op der Recettësäit ëmzesetzen:

"Mir wëllen eng Entdeckelung vum Plaffong op de Cotisatiounen, ouni dass alles, wat iwwert fënnef mol de Mindestloun ass, zu neie Rechter géif féieren."

Mat dëser Ännerung kéimen ëm déi 700 Milliounen Euro an d’Keess. Ee weidere Punkt fir Rentekeess ze fëllen, wieren Iwwerstonnen, esou d’Carole Thoma:

"D’Iwwerstonne cotiséieren, dat ass de Moment net de Fall. Doduerch, dass d’Leit géifen op den Iwwerstonne cotiséieren, géinge sech natierlech och méi Pensiounsrechter an dem Sënn erginn."

Weider fuerderen déi Lénk, dass Leit no 65 Joer, déi an hirer Pensioun nach berufflech aktiv sinn, weiderhin an d’Kees bezuele missen. Domat géifen iwwert 28 Milliounen zesummekommen.

Alles an allem kéimen duerch dës dräi Mesuren 814 Milliounen Euro an d’Rentekeess.

Op der Depensesäit gesinn déi Lénk Spuerpotenzial an Héicht vun iwwert 200 Milliounen, wann all d'Ausgabe vun der Pensiounskeess an de Staatsbudget verlagert ginn, déi net direkt a Relatioun sti mat den Ausbezuelunge vun de Renten. D’Carole Thoma nach emol:

"Lëscht Propos eben d’Mindestpensioun op de Niveau vum Mindestloun ze hiewen. Dat ass menge mir eng Propos, déi all d’Parteie missen iwwerhuele wëllen, fir eis net verständlech ass, wéi eng Mindestpensioun kann ënnert dem Aarmutsrisiko leien."

Ënn Mäerz géif d’Inspection General de la securité social de Modell vun déi Lénk op d’Nohaltegkeet testen, a wéi realistesch d’Proposë vun der Oppositiounspartei wieren.

Weider Informatiounen fannt Dir och hei am Communiqué.