
Géint 23 Auer goufen d’Beamten an d’Rue Bellevue zu Péiteng geruff, wou sech d’Autoe mat gréisstendeels belschen a franséische Placke versammelt haten. Op der Plaz wollte si d’Gefierer kontrolléieren, ma och de Kaméidi esou spéit um Owend stoppen. Insgesamt eng 50 Beamte waren un der Aktioun bedeelegt, schreift d’Police an hirem Bulletin.
Den Ëmfang war awer net grad frëndlech. Eng vun den éischte Patrullen op der Plaz ass mat Freedefeier beworf ginn. Deen, deen et soll geheit hunn, konnt méi spéit identifizéiert ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. A sengem Won hunn d’Beamte weider Pyrotechnik fonnt a saiséiert. De Mann gëtt e Samschdeg de Mëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Am Kader vun der Autoskontroll goufen ausserdeem zwee provisoresch Fuerverbueter ausgeschwat an zwee Autoe saiséiert. Eng 30 Protokoller goufen deen Owend geschriwwen.