LU-Alert-Test vun der PoliceE Méindeg ginn a verschiddene Gemengen SMSe verschéckt

RTL Lëtzebuerg
D'Awunner aus de Gemenge Leideleng, Reckeng op der Mess, Monnerech, Schëffleng an Esch-Uelzecht sollen alertéiert ginn. Eng Reaktioun ass net néideg.
© Ministère des Affaires intérieures

E Méindeg gëtt op en Neits de Warn- an Informatiounssystem vun LU-Alert getest. Nieft dem Test vun de Sireenen uechter d’Land sollen och d’Awunner vun de Gemenge Leideleng, Reckeng op der Mess, Monnerech, Schëffleng an Esch-Uelzecht eng SMS geschéckt kréien. Anescht wéi bei fréieren Tester, soll et dës Kéier d’Police Grand-Ducale sinn, déi d’SMS verschéckt. De Message soll och op der App “LU-Alert” an um Site ënner www.lu-alert.lu ze liese sinn.

Preziséiert gëtt am Communiqué vum Inneministère, datt vum Public keng Reaktioun op den Test néideg ass.

Back to Top
CIM LOGO