Luc Frieden an der ChamberLëtzebuerg wäert 2025 op der richteger Säit vun der Geschicht gestanen hunn

Maxime Gillen
Claudia Kollwelter
"Et gi Momenter an der Geschicht vun engem Land oder vun engem Kontinent, wou ee spiert, datt eppes Fundamentales um Geschéien ass".

Dat waren déi éischt Wierder vum Premier Luc Frieden en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber.

Hei déi ganz Ried an d’Debatt an der Chamber

Ried vum Luc Frieden iwwer d'Ukrain a Chamber-Debatt iwwer Regierungserklärung
“Et gi Momenter an der Geschicht vun engem Land oder vun engem Kontinent, wou ee spiert, datt eppes Fundamentales um Geschéien ass”.

Den exzeptionellen Eclat am Wäissen Haus de leschte Freideg wier e klore Broch gewiescht, mat deem wéi d’USA d’Ukrain bis ewell behandelt hätten. Zesumme mat der Ried vum US-Vizepresident JD Vance op der Münchener Sécherheetskonferenz an den annoncéierte méigleche Stopp vu Waffeliwwerungen un d’Ukrain wieren dat fundamental Changementer an der amerikanescher Politik an an de Relatioune mat Europa.

De Premier huet dann nach eng Kéier betount, datt et d’Ukrain ass, déi attackéiert gouf, an datt dëse Krich eng kloer Violatioun vum internationale Recht ass. Dofir stéing Lëtzebuerg och weider un der Säit vun der Ukrain, dat esouwuel finanziell wéi och militäresch. D’Ukrain misst deemno och mat um Dësch sëtzen, wann iwwert d’Zukunft vum Land decidéiert gëtt. D’selwecht dierft och net ouni Europa iwwert d’Sécherheet vun Europa decidéiert ginn, esou de Luc Frieden.

E Waffestëllstand kéint iwwerdeems nëmmen erfollegräich sinn, wann et hannendrun e Konzept fir en dauerhafte Fridden, also och kredibel Sécherheetsgarantië gëtt. De Premier huet dann och annoncéiert, datt Lëtzebuerg sech, wann dat sollt néideg sinn, och un esou Sécherheetsgarantië wäert bedeelegen. Gläichzäiteg huet hie betount, datt Lëtzebuerger Zaldoten nëmmen am Kader vun engem europäeschen oder internationale Mandat fir eng Friddensmissioun an dës Regioun wäerte geschéckt ginn.

Zu de Relatioune mat den USA huet de Luc Frieden erkläert, datt d’Amerikaner och a schwieregen Zäiten eis Frënn géife bleiwen. Lëtzebuerg hätt den USA seng Fräiheet ze verdanken an déi Lëtzebuerger Regierung wëll weider mat den USA an der Nato zesummeschaffen. Dat an der Hoffnung, datt d’USA net vergiessen, wéi eng Responsabilitéit si fir de Fridden an Europa hunn.

Debat

Déi séier a kloer Reaktioun vum Premier Luc Frieden op den Eclat am Wäissen Haus wier e staarkt Zeeche gewiescht, huet den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet betount. Et wier kloer, datt de russesche President d’Ukrain iwwerfall an internationaalt Recht gebrach hätt. Et kéint een net méi maachen, wéi wann alles beim ale wier, d’Welt hätt dramatesch geännert a mir misste mat Courage op déi nei Situatioun reagéieren, sou de Laurent Zeimet.

Vun engem Broch tëscht den USA an Europa huet dann den DP-Deputéierte Gusty Graas geschwat. D’Humiliatioun vum US-President géintiwwer sengem ukraineschen Homolog Selenksyj wier e Skandal an eng Attack op en ziviliséiert Zesummeliewen. Op d’Fro, wéi en domat ëmgeet, gëtt et dem DP’Deputéierten no just eng Äntwert: D’EU misst méi staark no bannen an och no bausse ginn. Eng gemeinsam Defensepolitik misst konkret ëmgesat ginn an et misst ee sech bewosst sinn, datt e Fridden an den nächste Jore vill Geld wäert kaschten.

D’USA wieren aktuell kee Partner, ob deen ee sech verloosse kann, et géif een en historesche Moment erliewen an d’Weltuerdnung, wéi ee se zanter dem Zweete Weltkrich kannt huet, géif et net méi ginn. Dat waren d’Wierder vum LSAP-Deputéierte Yves Cruchten. Mam Bléck op d’Zukunft bräicht een a sengen Aen eng méi staark politesch Unioun, et misst mat enger Stëmm geschwat ginn. Donieft plädéiert de Yves Cruchten dofir, datt den Eestëmmegkeetsprinzip ewech feelt. Et bräicht een eng besser Defense a méi héich a méi konsequent Investissementer.

“Mir wëlle Fridden a mer wëlle léiwer en ongerechte Fridde wéi e gerechte Krich”, sot den ADR-Deputéierte Fred Keup. De Krich wier fir d’Ukrain net méi ze gewannen, et bräicht ee konkret Fridden an dat géif och goen, andeems ee mat Russland schwätzt, huet de Fred Keup gemengt. D’ADR zweiwelt drun, datt d’Populatiounen an Europa acceptéieren, datt wieder an d’Rüstung investéiert gëtt. Aussoen, déi fir vill Kritik a Reaktiounen an der Plenière gesuergt hunn.

“America first” heescht och “Europe alone”, sot d‘Sam Tanson vun déi Gréng. Et wier extrem wichteg, datt Europa mat enger Stëmm schwätzt an do géif d’Eestëmmegkeet engem kloer am Wee stoen. Et hätt ee keng Garantie, datt de russesche President Putin op der ukrainescher Grenz ophält an dofir misst ee sech och europäesch oprëschten, fir de Fridden ze sécheren. Et misst een sech och als Europa selwer kënne verdeedegen, well keen et fir eis géif maachen, sou nach d’Deputéiert vun déi Gréng.

Mir hunn eis ze laang op d’USA verlooss a mer kënnen eis och net dorop verloossen, datt nom Donald Trump alles anescht gëtt. Dat huet de Piraten-Deputéierte Sven Clement ënnerstrach. Et misst ee sech a sengen Ae wirtschaftlech esou wäit wéi méiglech onofhängeg vun den USA, Russland an och China ginn. Och de Sven Clement huet wéi de Yves Cruchten an d’Sam Tanson dofir plädéiert, datt d’Unanimitéit muss ofgeschaaft ginn. Donieft misst dem Piraten-Deputéierten och méi an d’Lëtzebuerger Arméi investéiert ginn.

“Et muss alles gemaach ginn, fir dem ukraineschem Staat a Vollek de Réck ekonomesch ze stäerken”, sot den David Wagner vun déi Lénk. Wann d’Ukrain militäresch Ënnerstëtzung brauch, da soll se déi kréien, mee et wier illusoresch ze mengen, datt réng militäresch Hëllefen d’Rettung wieren. Fir déi Lénk misst ee sech dofir engagéieren, datt d’Ukrain hir Scholden integral gestrach kritt an datt d’Sue vun de russeschen Oligarche saiséiert ginn an der ukrainescher Bevëlkerung zegutt kommen.

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet drop higewisen, datt laut Eurobarometer d’Hallschent vun de Leit hei am Land géint de Kaf an d’Liwwerung vu militäreschen Ekipementer wieren. Hien huet d’Regierung an d’Chamber virdru gewarnt, Decisiounen iwwert d’Käpp vun de Leit ze huelen nom Motto: “Elo sinn d’Suen do, fir är Problemer waren se net do!”

Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner, deen huet déi Reflexioun vum Fred Keup als Beispill ervirgehuewe fir ze weisen ewéi d’Leit - vu Russland notamment - bewosst géint d’Regierunge géingen ausgespillt ginn. Dem David Wagner no géing et nach keng Äntwert op d’Fro ginn, wie bezuele soll: “déi Schaffend oder d’Millionären oder Multimilliardären?”. De lénken Deputéierten huet un de Franklin Rossevelt erënnert, deen den “Effort de guerre” am Zweete Weltkrich duerch méi héich Steieren op héije Revenuen a Kapital finanzéiert hätt.

Hommagen

An der Chamber gouf un zwee Éierendeputéiert geduecht, déi an de leschte Woche gestuerwe sinn.

Engersäits war et den Hommage un den André Biver, deen de 15. Februar am Alter vu 86 Joer verscheet ass. Den LSAP-Politiker war Conseiller, Schäffen a Buergermeeschter vu Wolz a gouf 1989 fir seng Partei als Norddeputéierten an d’Chamber gewielt.

Den zweeten Hommage war fir de John Schummer, deen den 22. Februar am Alter vun 73 Joer gestuerwen ass. Tëscht 1992 an 2004 souz hie fir d’DP um Krautmaart a war och Conseiller an der Gemeng Koplescht. Donieft war de John Schummer och sportlech aktiv, ënnert anerem huet hie fir d’Handball Nationalekipp gespillt a war Golkipp am Fussball.

De Chamberpresident Claude Wiseler huet béide Familljen, déi an den Dënschdeg de Mëtteg och an der Chamber present waren, säin déifst Bäileed ausgedréckt.

Back to Top
CIM LOGO