
Et wier dee richtegen Zäitpunkt, fir elo eng Tripartite anzeberuffen, fënnt de Gilles Baum, Fraktiounschef vun der DP. Dobäi wier ee fir all Diskussioune mat de Sozialpartner oppen. "D'Haaptakzenter wäerten natierlech op der Kafkraaft vun de Leit leien, och bedéngt duerch déi héich Energiepräisser. Et läit awer och ganz kloer op der Kompetitivitéit vun de Betriber, déi opgrond vun der Energie ufänken, richteg leiden."
D'Energiekris wier doriwwer eraus och de richtegen Ament, fir bei den erneierbaren Energien eng Schëpp nozeleeën a Privatleit an Entreprisë matzehuelen.
Als ganz esou akut gesäit de Fraktiounspresident vun der ADR Fred Keup d'Situatioun dann nach net. "Et hätt een och nach kënne waarden a kucken, ob et eng méi staark Kris hei am Land gëtt. Elo huet d'Regierung decidéiert, bemol awer eng Tripartite ze maachen. Dat ass heiansdo wochelaang 'Nee' an da Jo'. Et ass net ëmmer eng kloer Linn, mee bon, da kucke mer, wat se dobäi fäerdegbréngen."
Hie schéngt skeptesch, wat en Tripartite-Accord ugeet. Dofir misst nämlech verantwortungsvoll gehandelt ginn. Wann hie géing un d'Gewerkschaften denken, déi rout Linne géinge gesinn, géing hie sech froen, wéi dat soll goen.
Fir d'Spriecherin vun deene Grénge Sam Tanson war et da just eng Fro vun der Zäit, wéini de Premier dem Drock fir eng Tripartite géing noginn. "Wat op alle Fall kloer ass, dat ass, dass de Premierminister dat do elo net aus eegene Stécker mat engem gewëssenen Dynamismus gemaach huet. En huet dat heiten op Drock hi vun de Sozialpartner an der Oppositioun gemaach, déi elo scho säit Deeg voire Woche seet, et wier héich Zäit fir eng Tripartite. Mer sinn an enger Krisesituatioun, mir mussen no Léisunge sichen, fir déi Kris ze bewältegen."
Déi Gréng sinn der Meenung, datt ënnescht a mëttel Revenue missten ënnerstëtzt ginn. Als een zilféierenden Outil hei gesäit een an de Crédit d'impot. Ma och d'Entreprisë misste bei der Transitioun gehollef kréien. Fir déi nächst Woch hunn déi Gréng eng Aktualitéitsstonn an der Chamber zu deem Thema ugefrot.
Et wier gutt dass d’Tripartite endlech géing kommen, mee net esou, seet d'LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding. D'Kris wier elo do, dowéinst wier et net nozevollzéien, dass et nach soll fënnef bis sechs Wochen daueren, ier d'Regierung mat de Sozialpartner zesummekënnt. "Wiere mir an der Verantwortung, géing mir scho längst mat de Gewerkschaften an dem Patronat un engem Dësch sëtzen, fir Mesuren auszeschaffen. Wéi e sozialgerechte Steierkredit fir Stéit an och eng Iwwergewënnsteier fir Betriber, déi vun enger Energiekris massiv profitéieren."
Well d'Tripartite eréischt no der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier am Mee zesumme kënnt, fäert d'LSAP, dass et eng Alibiveranstaltung kéint ginn. Schliisslech hätt de Luc Frieden da jo scho seng Léisunge presentéiert. D'Sozialiste sinn der Meenung, datt een elo e konsequent Eropsetzte vum Mindestloun a Kompensatiounsmesure fir kleng Betriber bräicht. Donieft misst sech awer och mat der Wunnengskris, der Energieofhängegkeet an de sozialen Ongerechtegkeeten am Steiersystem befaasst ginn.