No Annonce vum PremierGewerkschafte wäerten op d'Tripartite goen, esou de Patrick Dury

Pit Everling
Fir de Patrick Dury ass dës Tripartite déi lescht Chance, fir de Lëtzebuerger Model nach ze retten.
© François Aulner

D'Annonce vum Premier Luc Frieden wier prinzipiell ze begréissen, seet d'Gewerkschaftsfront. Natierlech wäerten OGBL an LCGB op déi Tripartite goen, sot den LCGB-President Patrick Dury. Ëmmerhi géing een dës 3er Ronn zënter laangem fuerderen.

Et misst ee feststellen, datt de Sozialdialog mat dëser Regierung bis ewell kee Resultat bruecht huet. Déi annoncéiert Tripartite wier dofir elo déi lescht Chance, fir de Lëtzebuerger Modell um Liewen ze halen. 

Wichteg wier et, datt déi Reunioune gutt preparéiert ginn. Sujeten, déi de Gewerkschaften um Häerz leien, sinn d'Kafkraaft, de Mindestloun, d'Plattformaarbecht an de Maintien dans l'emploi. Fir de Rescht halen d'Syndikater sech bedeckt. Et sollt een den Diskussioune lo net virgräifen, sou de Patrick Dury, deen an deem Sënn och keng rout Linnen zitt.

Et bleift awer dobäi, datt den éischte Mee gewerkschaftlech Aktioune wäerte presentéiert ginn, déi d'Konsequenz vum Echec bei den Diskussioune ronderëm de Mindestloun wäerte sinn.  


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO