D'Svenia Goergen ass selbstänneg an ass zënter enger Partie Joren op de Mäert ënnerwee, fir do frësch Pasta un de Mann an och d'Fra ze bréngen.

12 Joer huet d'Famill vum Svenia de Betrib schonn, dee sech op Nuddelen a gefëllte Pasta spezialiséiert huet. 2020 huet si de Buttek vun hirem Papp iwwerholl, dat mat grad emol 24 Joer. Dëst awer net einfach sou, well geplangt war dat an sech net esou.

Ugefaangen huet fir d'Svenia Georgen nämlech alles virun der Pandemie. Si hat eng kleng eege Firma gegrënnt iwwert déi si Events organiséiert huet. Ma bedéngt duerch Corona ass awer deemools, wéi d'Svenia selwer seet, alles d'Baach erof gaangen: "Dat heescht, meng Buchunge si erofgaangen, d'Leit konnten net méi feieren, et ware Restriktiounen. An an där Zäit huet mäi Papp och seng Firma verkaf, fir kënnen an d' Pensioun ze goen, an do ass leider dunn d'Keeferin ofgesprongen, duerch d'Pandemie, well einfach Onsécherheete waren. An dunn hu mir driwwer geschwat an d'Iddi ass einfach komm fir ze soen 'okay, hey, ech iwwerhuelen dat lo'."

Vun deem Dag un also huet een sech dann an "de Nuddelbusiness gestierzt", wéi d'Svenia et am RTL-Interview nennt. Aus engem Gespréich eraus, an och bedéngt duerch d'Pandemie, ass d'Selbstännegkeet an enger Nuddelsfirma Realitéit ginn.

"D'Kärgeschäft ass ëmmer nach de Maart"

Wéi d'Firma vu Papp op Duechter dunn iwwerdroe gouf, bestoung d'Firma a sech nëmmen aus dem Maart-Camion an deem d'Nuddelen op de Mäert verkaaft goufen. A genee dat ass och nach ëmmer d'Kärgeschäft vun "La Casa della Pasta", sou den Numm vum Betrib. Och wann een zënter leschtem Joer niewent dem Maart-Camion an dem Foodtruck, déi fir d'Mäert an Events genotzt ginn, och nach e Buttek zu Walfer opgemaach huet, ass fir d'Svenia awer de Verkaf um Maart, am Fräie, bei de Leit, deen Deel vum Geschäft, dee kloer am beschte leeft. Et ass och deen Deel, deen zënter 12 Joer lo schonn Traditioun huet. De Kontakt um Client wéilt een sou weiderféieren, wéi et och scho dem Svenia säi Papp gemaach hätt.

Déi éischte Kéier dann selwer um Maart stoen, als Fra mat Ufank 20, eng Welt, déi een einfach guer net kennt, war dann och eng speziell Erfarung fir d'Svenia Goergen, well hei muss ee sech ganz kloer duerchsetze kënnen: "Et ass kloer e mega Männerdomän. Wéi ech do ugefaangen hunn, waren ganz vill Männer do... Soe mer esou, et sinn natierlech och e puer Fraen, déi sech dorënner gemëscht hunn. Mee effektiv, so deen éischte Moment, denkt ee sech: 'Okay, wou sinn ech hei? Muss ech mech elo hei beweisen?' Mee am Endeffekt wierke se méi rau, wéi dass se wierklech sinn. Also, et sinn alles mega häerzeg Leit, déi do schaffen, mee si hunn halt einfach mega vill Erfarung."

Et wier d'Atmosphär, de Fakt, dass ee sech mat de Leit vill méi oppen ënnerhält an se och richteg géif kenneléieren, dat de Charme géif ausmaachen, sou d'Svenia Goergen weider. An hei sinn och déi Momenter déi Spaass maachen an de Beruff zu engem positiven Erliefnis mécht. Net dat "Professionellt, mä dat Tëschemënschlecht" géif beim Verkafen um Maart vill méi eng pregnant Roll spill.

Wärend Corona huet d'Geschäft floréiert, dono koum déi batter Realitéit

Wärend der Pandemie, also genee an deem Moment, an deem d'Svenia d'Geschäft vu sengem Papp iwwerholl huet, war d'Situatioun, wéi déi 28 Joer al Geschäftsfra seet, e reegelrechten "Ausnamezoustand". Duerch d'Sécherheetsmesurë konnten d'Leit nämlech net méi sou einfach an d'Supermarchéen akafe goen.

Um Maart am Fräien huet een do natierlech besser Kaarte gehat an d'Leit hu vill méi um Maart kaf. Dat wier awer elo definitiv eriwwer: "No der Pandemie huet sech dat geännert, mer si schnell erëm zréck an d'Realitéit komm. D'Zuelen hunn nogelooss. Mir haten net méi sou vill Clienten. D' Leit ginn eben och bei der Keelt net méi sou gär eraus. Also d'Situatioun huet sech geännert. Natierlech méi zum Negative wéi zum Positiven..."

En "Op an Of "als Selbstännegen...

D'Devise war, de Kapp net hänken ze loossen a sech unzepassen, ënnert anerem duerch Liwwerungen heem virun d'Hausdier a virun allem enger verstäerkter Online-Presenz, dat virun allem op de soziale Medien. An hei huet sech fir déi jonk Fra och ganz séier gewisen, wat den Ënnerscheed ass, tëscht enger éischter konventioneller fester Ustellung bei engem Patron an der Selbstännegkeet. Et wier een zwar säin eegene Chef, mä wann et e Mount net sou gutt leeft, da steet engem seng Paie einfach op der Kipp oder kënnt méi spéit wéi a sech geplangt. Dëst géif am Moment vu "Mount zu Mount änneren" an heirop muss ee sech dann astelle kënnen, wann een esou e Beruff mécht. D'Summerméint lafen an der Reegel besser, wéi d'Wanterméint, ma och hei, géifen et natierlech ëmmer Ausname ginn.

Et misst ee gemaach sinn fir d'Selbststännegkeet, et misst een e bestëmmte "Mindset" hunn, fir duerchzehalen. Ma fir en "0815"-Job, deen d'Svenia och an der Vergaangenheet hat, dofir wier hat eben net gemaach, och wann natierlech vill vu senge Kolleegen ebe grad en Job géife sichen, bei deem een eng sécher Plaz huet, mat engem reguléierten Akommes. Beim Svenia Goergen war et awer sou, dass et vun engem "Nine-to-Five"- an e "Five-to-Nine"-Job geroden ass, eng enorm Ëmstellung natierlech, och am private Liewen.

An de leschte Jore war et dann awer dacks esou, dass déi schlecht Phasen am Nuddel-Betrib zougeholl hunn. Do waren et op der enger Säit d'Verkafszuelen déi erofgaange sinn, dat wéi gesot haaptsächlech bedéngt duerch déi ekonomesch Verännerungen no Corona an awer och intern Problemer, ënnert anerem bedéngt duerch d'Personal, dat dann net sou matspillt. An da kommen natierlech och d'Steieren dobäi, déi ee muss un de Stad ofginn, déi Leit, déi nach keng Erfarung hei gesammelt hunn, dacks kal erwëschen.

Dat dréckt natierlech op d'Gemitt, stellt ee virun existenziell Froen a léisst een als Mënsch net kal: "Tatsächlech géing ech éischter soen, datt ech dat eemol de Mount hunn, datt ech einfach soen: 'Okay, ech schmäisse lo hin. Dat huet kee Wäert', ne. Mä dat ass u sech tatsächlech déi gëlle Reegel beim Selbststänneg sinn, an zwar dat 'Net Opginn'. Egal wéi schwéier et grad gëtt, du däerfs net opginn."

An sou Moment géifen et der ebe vill ginn, wou een "den Drock aushale" an einfach weider maache muss. Weider betount d'Svenia Goergen awer och, dass een aus Feeler a schlëmme Momenter Léieren zitt an aus de Feeler léiert a léiere misst. Et wier e "Learning-by-doing"-Prozess, deen een och misst a sou engem Beruff duerchliewen.