Dat am Kader vum Dag fir politesch Bildung. Zanter dräi Joer organiséiert den Zentrum fir politesch Bildung deen Dag mat all Joer engem aneren thematesche Schwéierpunkt. Dëst Joer ass et: Digitalitéit an Demokratie. D’Marlène Clement huet sech am Virfeld vun der Konferenz mat der Riednerin a KI-Expertin Kenza Ait Si Abbou Lyadini ënnerhalen.
Déi digital Welt géing vill Gefore mat sech bréngen, gëtt d’Kenza Ait Si Abbou Lyadini zou. Et wier awer och eng Chance, fënnt d’KI-Spezialistin, déi zu Berlin lieft. Zum Beispill kéint d’Bedeelegung un demokratesche Prozesser duerch d’Digitaliséierung eropgoen.
“Wir wählen nur alle X Jahre, je nach Land in der Regel alle vier Jahre. Natürlich braucht es Kontinuität in der Politik, aber auch, weil dieser Prozess so aufwendig ist. Wenn man zum Beispiel an andere Staaten wie die Schweiz denkt, wo es für alles ein Referendum gibt, kann man dank der Digitalisierung das viel öfter machen und es ist viel weniger aufwendig.”
Mat der KI huelen awer och déi sougenannt “Deepfakes” zou. Also manipuléiert Videoe vu Perséinlechkeeten a Politiker, déi online zirkuléieren. Do wier et d’Aufgab vun den Online-Plattformen, dofir ze suergen, datt déi Inhalter erkannt an och deklaréiert ginn.
“Bei der Zensur stellt sich immer die Frage, wer entscheidet, was zensiert wird und was nicht. Aus meiner Sicht ist es dringend notwendig, dass eine Kennzeichnung zumindest erkennbar wird, damit die Nutzer:innen sich selbst eine Meinung bilden können.”
Wat ee gesetzleche Kader ugeet, esou ass d’Kenza Ait Si Abbou Lyadini der Meenung, datt ee fir den Ufank schonn emol mat deene Gesetzer schaffe soll, déi et scho ginn an déi och an der digitaler Welt duerchzesetzen.
“Und erst dann, wenn das noch nicht alles abdeckt, kann man zusätzliche Regulierungen finden, und hoffentlich in einer schnelleren Zeitspanne, weil der technologische Fortschritt einfach viel zu schnell ist.”
D’Virdeeler vun den digitalen Outile kéinten iwwerweien, wann d’Technologië richteg géinge genotzt ginn, mengt d’KI-Spezialistin. Um Enn wier et un eis ze entscheeden, a wéi eng Richtung et geet.
An och e Mëttwoch dréit sech an der Abtei Neimënster alles ëm Digitalitéit an Demokratie mat verschidden Atelieren an Infostänn. Dat wéi gesot am Kader vum Dag vun der politescher Bildung, organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung.