Dat geet aus enger Ëmfro vun der ACEL, der Associatioun vun de Studentencercelen ervir.

Fir datt déi Jonk sech an den Debat iwwert eng méiglech Pensiounsreform kéinten abréngen, misst hinnen de System méi no bruecht an erkläert ginn, entweder op schouleschem oder parascolairem Niveau gëtt d'ACEL ze bedenken.

De Gros vun de Befrote gesinn eng Erhéijung vum Rentenalter dann als onfair. D'Majoritéit ass donieft fir eng Unerkennung vun de Studiejoren. Wat iwwerdeems jo och eng kloer Fuerderung vun der ACEL selwer ass. 112 Schüler a Schülerinnen hu bei der Ëmfro matgemaach.