Dat geet op alle Fall aus enger rezenter Etüd vum Liser ervir, dem Luxembourg Institute of Socio-Economic Research.

Am Kader vum "International Day for the Elimination of Racial Discrimination", den 21. Mäerz, huet de LISER eng Etüd publizéiert, déi weist, dass Minoritéiten um Wunnengsmaart, virun allem beim Verkaf vu Wunnengen, diskriminéiert géife ginn.

Bei dëser experimenteller Etüd koum konkret eraus, dass Wunnenge vu Proprietären, déi Nimm hunn, déi afrikanesch kléngen, systematesch ëm 3-4% manner héich ugesat verkaaft gi wéi an der Moyenne. Heibäi handelt et sech am Duerchschnëtt ëm eng finanziell Perte vu ronn 20.000 Euro.

"Proprietären, déi Deel vun enger Minoritéit am Land sinn, kéinten, ouni et ze wëssen, manner gutt Offere kréien, dat en Afloss dorop huet, wéi vill Räichtum iwwer d'Zäit kann ugesammelt ginn", sou d'Dr. Giorgia Menta, dat un dëser Etüd beim LISER matgeschafft huet. Dës Zort vu "verstoppte Virurteeler" géife rassistesch Differenzen am Verméige verschäerfen an hätt laangfristeg ekonomesch Suitten.

Bei der Etüd goufen d'Participante gefrot, Präisser vu verschiddene Wunnengen an Haiser anzeschätzen, dat baséierend op déi aktuell Immobiliëpräisser zu Lëtzebuerg. Verschidden Anträg ware vu Verkeefer, deenen hir Nimm drop hindeite gelooss hunn, dass se en aneren ethnesche Background hunn. Virun allem Objeten, déi mat afrikaneschen Nimm a Verbindung bruecht gi sinn, goufen am Schnatt zu 3-4% manner héich ugesat, wéi déi selwecht Objeten, awer mat Nimm vu Proprietären, déi hei an der Géigend méi üblech sinn.

Haaptsächlech bei méi ale Leit an/oder Leit mat enger net sou héijer schoulescher Formatioun hätt een dëse Phänomen konnten observéieren, heescht et säitens dem LISER, dëst iwwregens onofhängeg dovunner, wéi engem seng Meenung zu der Migratioun am Land wier. Dëst géif drop schléissen, dass et sech éischter ëm eng statistesch Diskriminatioun géif handele wéi ëm rassistesch Virurteeler.

Dës Etüd gouf an Zesummenaarbecht mam LISER, der Universitéit Lëtzebuerg, der Universitéit Cambridge an der University of Economics and Business zu Wien realiséiert.