Den Isaac Sousa huet 9 Joer. Duerch eng Dysplasie épiphysaire multiple ass hien a senger Mobilitéit ageschränkt.

Den Isaac wunnt zu Tratten mat senger Mamm Vanessa, senger Schwëster Naomi a senger Tatta Karin. De Jong vun 9 Joer erkläert seng Krankheet esou: "Ech hunn e Probleem, deen de ganze Kierper betrëfft, virun allem meng Gelenker."

Eng Dysplasie épiphysaire multiple ass eng rare Krankheet. Déi gréisste Schwieregkeeten huet hien den Ament a senger Hëft an dem Réck. D’Diagnos gouf virun engem knappe Joer gestallt. Villes géif een nach net wëssen, esou d’Vanessa Sousa, d’Mamm vum Isaac. Aktuell wier ee bei engem Dokter an der Kannerklinik a Behandlung, ma zousätzlech an enger spezialiséierter Klinik zu Paräis.

Den Isaac brauch eng nei Hëft, well hien awer nach ze kleng ass, muss hien nach 3-4 Joer waarden. D'Angscht vun der Famill ass, dass sech säin Zoustand esou verschlechtert, dass hie guer net méi goe kann.

"Net jidderee versteet wat ech hunn"

D’Kolleegen ze gesi, wann se spillen an do net dierfe matmaachen, dat mécht den Isaac traureg.

"Ech spiere mech heiansdo normal an heiansdo traureg."

An awer bereet et him och eng Freed senge Frënn nozekucken a matzelaachen. Souwuel an der Schoul, wéi an der Maison Relais géif hie vill gehollef kréien. "Net jidderee versteet wat ech hunn", erkläert den Isaac. An der Schoul géifen déi grouss Kanner scho verstoen, dass hien net alles maache kann. Déi méi kleng wéilten heiansdo Saache mat him spillen, wou hien awer net kann.
 
Säi Schoulmeeschter wier och ëmmer do, wann hien eppes brauch. Ma dat bescht un der Schoul wier souwisou de Kontakt mat de Kolleegen. Rechnen a Franséisch sinn seng stäerkste Fächer am léifsten huet en awer Musek a Lëtzebuergesch.

Laange Parcours

D’Ënnerstëtzung vun der Famill géif vill hëllefen, esou den Isaac. Seng Mamm erkläert am Interview: "Hien ass normal op d’Welt komm. Do hätt een näischt gemierkt." Bei der Gebuert hat den Isaac déi zwee kleng Fanger méi kleng. Ugangs huet de Kannerdokter näischt drop ginn, mat 2,5 Joer gouf de Jong eng éischte Kéier operéiert mat den Hänn.
 
Mat 4 Joer konnt den Isaac an enger Vakanz net méi goen. Do gouf eng éischte Kéier eng Dysplasie am Knéi festgestallt. Duerch eng Orthese konnt de Probleem geléist ginn, bis d’lescht Joer am Januar, wou den Isaac guer net méi konnt trëppelen. Hien huet missen an de Rollstull an ass zwee Mol mat der Hëft operéiert ginn. Vun Oktober bis Dezember huet hie mat senger Mamm am Rehazenter gelieft.

RTL

Den Isaac mat senger Tatta Karin, senger Schwëster Naomi a senger Mamm Vanessa. / © Pierre Weimerskirch

Wonsch no normalem Alldag doheem

Elo ass d’Famill nees doheem an et versicht een nees, eng Routine an den Alldag ze kréien. Den Isaac huet och eng Schwëster. D’Naomi ass zu Wooltz am Lycée, de Brudder ass frou, eng grouss Schwëster ze hunn.

Den Isaac geet an d’Schoul an an d’Maison Relais. Reegelméisseg geet hie bei de Kiné. Seng Mamm ass elengerzéiend a muss 40 Stonne schaffen. Ënnerstëtzung kritt d’Vanessa Sousa vun hirer Schwëster Karin. D’Energie géif een aus der gudder Laun zéien an de positive Gedanken.

D’Vanessa Sousa: “Et ass scho komplizéiert, domadder ëmzegoen. A mir mengen ëmmer, et géif just deenen anere geschéien an dann op eemol ass et do. Mee dat bréngt einfach näischt, eis ze bekloen. Ech mengen, wann hien esou gutt mat der Situatioun ëmgeet, dat bréngt eis och dann eeben déi Energie."

Ee grousse Wonsch: Nees Fussball spillen

Op Instagram mécht den Isaac Videoe fir op seng Krankheet opmierksam ze maachen. Wann de Weltstar Christiano Ronaldo säi Profil géif “liken”, géif e groussen Dram an Erfëllung gaangen. Villes dréit sech beim Isaac ronderëm de Fussball, als grousse Fan vu Benfica Lissabon spillt hien och op der Nintendo Switch. Säi Wonsch bleift, selwer nees kënne Fussball ze spillen.
 
Seng Mamm wënscht sech fir den Isaac dat, wat sech all Elterendeel fir seng Kanner wënscht: "Dass hien en normaalt Liewe ka féieren, dat wënschen ech mer. Zemools och dann als Erwuessenen."