Testwoch vum GoodFoodLoop an der Victor Hugo Hal

© Dany Rasqué / RTL
Manner Ecran - méi beweegen, entdecken, erliewen - esou nennt sech eng Campagne vum Educatiouns- a Jugendministère.
Jonker sollen eng besser Screen-Life-Balance kréien a sech net just mat Smartphone, Tablet, Computer a Co beschäftegen. En Deel vun där Campagne ass de GoodFoodLoop. Atelieren, déi Jonker tëschent 12 an 18 Joer fir eng gesond an equilibréiert Manéier ze liewe sensibiliséieren. Déi lescht ganz Woch iwwer war an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg déi éischt Editioun.
Bis zu 450 Jonker sinn um Lampertsbierg passéiert. All Dag hu Schülerinnen a Schüler aus anere Lycéeë matgemaach an hu sech an deene 5 Atelieren ameséiert.
"Mir waren am Danzatelier, am Yoga, am Functional Training, am Kachatelier an am Skateboard". Dat sinn déi 5 Atelieren, déi ugebuede goufen a se haten alleguer Succès, seet d'Sophie Dirckes. Si schafft beim Service national de la jeunesse an ass matresponsabel fir de GoodFoodLoop.
"All Atelier hat seng Vir- a seng Nodeeler an ech mengen, se sinn och all relativ gläich gutt ukomm. Et muss ee soen, et sinn d'Experten, déi vläicht nach besser ukommen. Mir hunn een Dänzer hei, de Mammadu. Hien ass absolut beléift bei jidderengem an et huet een och gemierkt, déi Jonk sinn ëmmer mega frou mat him, hien huet seng Groupies, déi ëmmer bei hie kommen. Ech mengen, danzen ass eppes, wat mega gutt ukënnt. Skateboard ass och cool, well dat esou e Street Work ass. Dat kënnt och mega gutt u bei de Jonken."
An déi kënnen dat nëmme confirméieren.
Mä och de Functional Training an de Yoga si gutt ukomm an hunn deene Jonken, Loscht op Neies gemaach, esou d'Sophie Dirckes.
"Et gesäit ee wierklech, datt déi, déi scho relativ sportlech aktiv sinn, si frou hei kënnen ze sinn, well se aner Sportaarten testen. Et ass dann net dat, wat se an der Schoul maachen, wéi Fussball oder esou, mä et si wierklech bësse méi alternativ Sportaarten an esouguer déi, déi wierklech nach ni Sport gemaach hunn, déi si frou nei Saache kennenzeléieren. An et sinn der och vill, déi gesot hunn, dat géife se och elo doheem maachen."
Deen een oder anere weist sech warscheinlech och méi dacks doheem an der Kichen, well och de Kachatelier huet Spaass gemaach. Wat gouf et iwwerhaapt?
"Mir hunn esou Bullen, mat Banannen, Cornflakes a Rosine gekacht."
Mat dësem Atelier sollten déi Jonk nieft der Beweegung och fir eng gesond Ernärung sensibiliséiert ginn.
Um Enn vum ganzen Dag gouf nach zesumme gedanzt an déi Jonk ware sech eens - heihinner komme mer zeréck.
De GoodFoodLoop geet iwwregens weider, op verschiddene Plazen am Land. Op GoodFoodLoop.lu fënnt een d'Datumen alleguer an do kënne Professere sech och mat hire Klassen aschreiwen.
D'Schreiwes vum Gouvernement
GoodFoodLoop : rassembler les jeunes autour du bien-être, de l’alimentation saine et du mouvement
Communiqué par : ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Dans le cadre de la campagne Screen-Life Balance du ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, le Service national de la jeunesse (SNJ) a mis en place l’initiative GoodFoodLoop. GoodFoodLoop vise à sensibiliser les jeunes à un mode de vie sain et équilibré an associant bien-être (Good), alimentation saine (Food) et activités physiques (Loop) sous forme d’ateliers dynamiques et interactifs. Le vendredi 21 mars 2025, le ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, a visité la première édition de GoodFoodLoop au Hall Victor Hugo à Limpertsberg.
GoodFoodLoop s’inscrit dans la démarche Manner Ecran – méi beweegen, entdecken, erliewen du ministère, visant à aider les enfants et les jeunes à trouver un équilibre entre le monde digital et le monde réel en proposant des espaces et des activités physiques, ludiques et créatives qui leur permettent de faire des nouvelles découvertes à l’écart des écrans. GoodFoodLoop met en avant les bienfaits d’un mode de vie équilibré de manière motivante et interactive en vue d’encourager les jeunes à adopter des habitudes saines grâce à des expériences enrichissantes et interactives.
« Dans un monde où les écrans sont omniprésents, il est essentiel de reconnecter les jeunes au mouvement, à la découverte et aux interactions sociales. Avec GoodFoodLoop, nous leur offrons des expériences concrètes qui les encouragent à bouger, à interagir et à découvrir de nouvelles façons de prendre soin d’eux, tout en s’amusant », a souligné le ministre de l’Éducation, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch.
Sous la guidance d’experts
GoodFoodLoop est organisé en tournées à travers le pays et s’adresse aux classes de lycées ainsi qu’aux organisations de jeunesse, maisons de jeunes, etc. La première édition, qui s’est déroulée du 17 au 21 mars au Hall Victor Hugo à Limpertsberg, a vu participer environ 90 jeunes par jour. Ils ont eu l’opportunité de participer à cinq ateliers différents animés par des experts :
yoga : améliorer la relaxation et la concentration ;
atelier de cuisine : découvrir l'alimentation saine de manière ludique ;
skateboard : associer sport et plaisir à travers un défi dynamique ;
entraînement fonctionnel : combinaison optimale de force et de mobilité ;
danse : associer mouvement et rythme pour favoriser le plaisir du sport.
Faire profiter un maximum de jeunes
Dans les mois à venir, plusieurs tournées sont prévues à travers tout le pays, afin qu’un maximum de jeunes puisse profiter de GoodFoodLoop. Les prochains rendez-vous auront lieu à :
Schifflange : 28.10.2025 - 31.10.2025 ;
Limpertsberg : 11.11.2025 - 15.11.2025 et 17.11.2025 - 21.11.2025 ;
Differdange : 27.01.2026 - 31.01.2026;
Ettelbruck : 10.02.2026 - 14.02.2026;
Kayl : 03.03.2026 - 06.03.2026 ;
Junglinster : 16.03.2026 - 21.03.2026 et 23.03.2026 - 26.03.2026.
Le site internet goodfoodloop.lu fournit des informations détaillées quant aux prochaines éditions, aux objectifs de l’initiative et les modalités de participation.