Police deelt matAbréch ënnert anerem zu Fréiseng, Miersch a Käerjeng

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg waren d'Abriecher nawell fläisseg ënnerwee uechtert d'Land.

Wéi d’Police um Samschdeg an der Mëttesstonn mellt, hätte se e Freideg eng Partie Abréch gemellt kritt. Dat zum Beispill géint 14 Auer an der Rue Robert Schuman zu Fréiseng, wou divers Géigestänn aus enger Wunneng geklaut goufen.

Duerch eng futtis Fënster huet dann e Brigang sech Zougang zu engem Haus an der Rue Mère Teresa zu Miersch verschaaft. Eng Partie Bijoue goufen hei geklaut.

Därer goufen och an enger Wunneng an der Rue du Bois zu Käerjeng matgoe gelooss, wéi Abriecher e Freideg géint 17 Auer aktiv waren.

Versichten Abroch an der Stad - Brigang gepëtzt

An der Nuecht op e Samschdeg géint 2 Auer gouf probéiert an e Buttek zu Bouneweg anzebriechen. Eng Policepatrull war op d’Plaz geruff ginn a konnt e presuméierten Abriecher untreffen. Dësen huet probéiert sech duerch de Stëbs ze maachen, konnt awer kuerz drop immobiliséiert ginn. Via Kamerabiller konnt bestätegt ginn, dass et sech beim Flüchtegen ëm déi Persoun handelt, déi probéiert hat anzebriechen.

Back to Top
CIM LOGO