
Eng Persoun ass blesséiert ginn, ënnert anerem war de Samu am Asaz. D’Police huet méi spéit preziséiert, dass en Automobilist aus bis elo net gekläerte Grënn an e Bam gerannt ass. De Chauffer ass dobäi schwéier blesséiert ginn.
E Méindeg de Moie kuerz no 9 Auer gouf et op eise Stroossen zwee weider Blesséierter. Jeeweils war et eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto, dat eemol zu Schëtter an an der Stad.
Géint 13.15 Auer gouf de Pompjeeën dann nach ee Feier an engem Haus zu Schëffleng an dem Val des Aulnes gemellt. D’Pompjeeën vu Schëffleng, Esch a Monnerech waren op der Plaz. Blesséiert gouf keen.