Dat hunn de Wirtschaftsminister Lex Delles an de Finanzminister Gilles Roth de Moien op enger Pressekonferenz ugekënnegt. Wéi héisch dëse Crédit d’impôt soll sinn, gëtt een eréischt gewuer wann den entspriechende Gesetzprojet virläit, mee e soll plafonéiert sinn. De Steierkredit ass och just eng vun 10 Mesuren aus engem 10-Punkteplang, déi d’konservativ-liberal Regierung wëll aféieren, fir sougenannt Start-ups, mee awer och Scale ups oder Spinoffs z’ënnerstëtzen. Et geet ëm e ganzen Ecosystem, deen der Wirtschaft an dem Land eppes soll bréngen.
Viséiert ass Innovatioun zum Beispill an de Beräicher Cybersécherheet, Deeptech (also technologesch Solutioune fir spezifesch Besoinen), d’nohalteg Entwécklung oder nach d’Santé. An natierlech parallel d’Fintech, déi mat 280 Betriber op der Finanzplaz scho wäit developpéiert ass.
Et gi schonn d’Future funds I an II - elo soll d’ëffentlech Kreditgesellschaft SNCI nach emol an d’Spill kommen, esou de Lex Delles. Se wäert 300 Milliounen Euro iwwert déi nächst 5 Joren hunn, fir Start-ups mat bis zu 80% a maximal 200.000 Euro ze begleeden.
D’Start-ups kréien ënnert d’Äerm gegraff, mee dann och d’Scale-ups, also wann eng kleng innovativ Firma den nächste Schrëtt mécht a wuesse wëll. Dacks wier et do schwiereg Finanzéierung ze fannen, esou de Wirtschaftsminister. An da ginn et nach d’Spinoffs. Nach en englescht Wuert, hei fir Innovatiounen, déi duerch ëffentlech Fuerschungszenteren zum Beispill gemaach ginn an dann sollten kommerzialiséiert ginn.
Ëffentlech Suen ginn och a privat Fongen, trotzdeem wier Transparenz do, huet de Lex Delles verséchert. Rechenschaft wier dem Finanzminister no och duerch d’Gesetz garantéiert. Fir de Gilles Roth wier hiren 10 Punkte-Plang fir d’Startups och eng Zesummenaarbecht tëscht ëffentlechem a privatem Kapital.
Nieft de Suen bräicht een awer och talentéiert Leit. Och aus dem Ausland. D’CSV an DP hunn d’läscht Joer schonn an der Chamber den neie Regime fir Expats duerchgewonk: et bezilt ee just d’Hallschent vun de Steieren op den éischte 400.000 Euro, déi een verdéngt. Maximal bis 8 Joer.
Elo soll et och nees en neie Regime ginn fir kënnen Optiounen op Aktien vun der Gesellschaft ze hunn wou ee schafft. Hien huet awer betount: “just fir Start-ups”. Wéinst vill Kritik war de Regime vun de Stockoptions a warrants 2017 ofgeännert ginn an et goufen nei Mesuren fir Expats.
Ma sinn iwwerhaapt genuch Wunnengen do wa nach méi Leita Suen ugezu ginn? D’Fro vun der Gentrifizéierung wier «pertinent», esou de Gilles Roth. Deen och sot d’Efforte fir méi Wunnengen ze schafen, “si gemaach a gi weidergefouert”.