Accord steetStatut fir Dokteren an Dokteschen, déi amgaange sinn, sech ze spezialiséieren

RTL Lëtzebuerg
An Zukunft wäerten d'Dokteren, déi amgaange sinn, sech ze spezialiséieren, an dowéinst hei am Land e Stage maachen, en eegene Statut kréien.

E weidere Punkt aus dem Koalitiounsaccord a punkto medezinesch Etude gëtt ëmgesat: D‘Dokteren an Dokteschen, déi an der Ausbildung fir eng Spezialisatioun sinn an hei am Land e Stage maachen, kréien nämlech e spezifesche Statut.
Doriwwer si sech déi zwee zoustänneg Ministèren, d‘Associatioun vun den Dokteren en voie de spécialisation an den OGBL eens ginn.

Dëse legale Kader soll zousätzlech Garantien nieft dem Code du travail fir d’Medezin-Studenten schafen, heescht et an engem offizielle Schreiwes.

Donieft soll et via eng Konventioun fir all d‘praktesch Stagen eenheetlech Aarbechtskonditioune ginn, heescht et weider.

Back to Top
CIM LOGO