De Premier Luc Frieden war um Méindeg zesumme mat der neier Maréchale de la Cour Sasha Baillie an der entspriechender parlamentarescher Kommissioun.

De Spezialrapport vum Rechnungshaff iwwer d’Depensë vun der Maison du Grand-Duc an de Joren 2021 an 2022 stoung e Méindeg op der Dagesuerdnung vun zwou Chamberkommissiounen. D’Cour des comptes war an hirer Analys, déi am November zejoert scho public gemaach gouf, nawell kritesch. Et géif Lacunnen am interne Contrôle ginn, d’Transparenz vun den Ausgabe misst gestäerkt an d'Rigeur vun de Comptable-Prozedure verbessert ginn. Donieft géif et Onkloerheete bei der Definitioun vun offiziellen a privaten Aktivitéite vun der groussherzoglecher Famill ginn, huet et am Rapport geheescht.

Depensë vun der Maison du Grand-Duc - Reportage vum Marc Hoscheid

De Premier Luc Frieden war um Méindeg zesumme mat der neier Maréchale de la Cour Sasha Baillie an der parlamentarescher Kommissioun, fir Erklärungen ze gesinn. Hie selwer gesäit kee Besoin fir direkt Changementer um Haff. "Ech stelle fest generell, datt an deem Rapport vun der Cour des Comptes keng fundamental strukturell Problemer opgeworf gi sinn". Et sollt ee lo mol waarden, bis déi nei Haffmarschallin richteg an hirem Amt ukomm wier, sou de Premier virun den Deputéierten. Donieft géife mer jo am Oktober en neie Grand-Duc kréien, dee villäicht selwer Wënsch hätt, fir eppes ëmzegestalten.
 
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot bedauert, datt senger Demande fir de fréieren Haffmarschall Paul Dühr an d’Kommissioun z'invitéieren, net nogaange gouf. Zwar war déi nei Haffmarschallin Sasha Baillie um Méindeg mat um Rendez-vous, mee schlussendlech hätt haaptsächlech de Premierminister an der Reunioun d’Wuert ergraff.

Souwuel d’LSAP, wéi och déi gréng Deputéiert hunn ënnerstrach, dass elo 5 Joer nom Rapport Waringo iwwert de Fonctionnement um groussherzoglechen Haff, vergaange wieren. E Rapport, dee jo awer eng Zäsur war, sou de Franz Fayot an d’Sam Tanson. Et misst nach sou Munches aus deem Rapport Waringo ëmgesat ginn. Béid Oppositiounspolitiker, sou wéi och de Sven Clement vun der Piratepartei, fuerderen zum Beispill, dass méi kloer soll definéiert a kontrolléiert ginn, wat ëffentlech a wat privat Ausgabe vun der groussherzoglecher Famill sinn.
 
Donieft waarden d’Parlamentarier ongedëlleg op den Inventaire vun de Gidder, deen opschléisse soll, wat dem Haff a wat der ëffentlecher Hand gehéiert. Deen Inventaire géif scho 4 Joer schleefen. Ma och do géif d’Fro vum Finanzement eng Roll spillen.