Bewosst oder onbewosst: Vill vun eis hunn e risegt digitaalt Archiv. Dausende Fotoen um Smartphone oder an der Cloud, honnerten E-mailen a soss digital Dokumenter, vun deenen déi meescht net méi gebraucht a längst vergiess sinn. Hire Stockage awer verbraucht Ressourcen an dréit zur Pollutioun bäi, gëtt d’Carla Jellema vun Inspiring More Sustainability Luxembourg ze bedenken:
“D’Datazentren eleng benotzen den Ament 1% vun der weltwäiter Energie. Dat ka bis 8% goe bis 2030 an de Waasserkonsum gëtt geschat op 15% bis 2030.” Och den CO2-Ausstouss ass considerabel.
All eenzele kann hëllefen, de Verbrauch ze limitéieren. Um PC, an der Cloud, um Tablet a Smartphone läschen, wat net méi gebraucht gëtt. An och den digitalen Drecksbac definitiv eidel maachen.
Appen, déi ee manner wéi eemol de Mount benotzt, wäre besser geläscht, seet d’Carla Jellema. Wann ee se nees bräicht, kéint ee se eroplueden. Och sollt een an de Sozialen Netzwierker reegelméisseg den Tri vu senge Poste maachen. Am sënnvollsten ass et awer, de Problem un der Wuerzel unzepaken a sou mann wéi méiglech digitalen Offall verursaachen. Ugefaange bei den E-mailen. Eng verschéckt verursaacht 4g CO2-Ausstouss. Et wier gutt driwwer nozedenken, ob et wierklech néideg ass, eng E-mail ze schécken, ob et wierklech néideg ass, verschidde Persounen a Kopie ze setzen an Dokumenter an d’Spéngel ze hänken, esou d’Mataarbechterin vun Inspiring More Sustainability.
Och sollt ee sech vun Newsletteren desabonnéieren, déi een net liest. Am Joer verursaachen eleng d’E-mailen 20 Milliounen Tonnen CO2. Dat ass esou vill wéi Europa dëst Joer duerch d’Elektro-Autoen aspuert.