Abriecher am Haus vum Prënz GuillaumeKonscht a Bijoue vu groussherzoglecher Famill geklaut

RTL Lëtzebuerg
Den 8. Mäerz 2025 gouf an d'Wunneng vum Prënz Guillaume, dem Brudder vum Groussherzog Henri, agebrach.
© Laurent Weber

Onéierlecher hu Konschtobjeten a Bijouen, déi der groussherzoglecher Famill gehéieren, matgoe gelooss, esou RTL-Informatiounen.

Op Nofro confirméiert d’Police en Abroch den 8. Mäerz an en Eefamilljenhaus zu Conter*. Informatiounen iwwer d’Identitéit vun Affer oder den Detail, wat alles geklaut gouf, géif d’Police grondsätzlech bei Abréch awer net matdeelen.

Kuerz no der Publikatioun op RTL.lu huet d’Police gefrot, fir och en Zeienopruff an den Artikel ze setzen. Méiglech Zeien, déi an deem Kader eppes gesinn hunn, si gebieden, sech beim Service de Police judiciaire via E-Mail op spj.rgb@police.etat.lu ze mellen.

Een oder méi onbekannt Täter hunn d’Scheif vun enger Dier ageschloen, fir esou an d’Haus ze kommen, esou de Pressebüro vun der Police. Nodeems d’Täter d’Haus duerchsicht hunn, hu se d’Flucht ergraff. D’Spueresécherung war op der Plaz an eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.

D’Maison du Grand-Duc huet matgedeelt, datt een iwwert dësen Tëschefall keng Informatiounen hätt.

* RTL hat ugangs decidéiert, Conter net ze nennen. Fir den Zeienopruff mécht et allerdéngs Sënn, op d’mannst ze preziséieren a wéi enger Uertschaft et war.

Back to Top
CIM LOGO