
Deemools hat e Mann mat sengem Auto dräi Leit virun enger Disco iwwert de Koup gerannt. Den deemools 21 Joer ale Mann sëtzt zanterhier an Untersuchungshaft an ass wéinst versichtem Doutschlag a gewollter Kierperverletzung ugeklot.
De Prozess soll elo klären, ob dat Ganzt virsätzlech geschitt ass. Vun den dräi Affer waren der zwee schwéier blesséiert ginn. De Prozess ass op véier Deeg ugesat.