
Zu Nidderfeelen gouf e Méindegmëtteg an eng Garage vun engem Eefamilljenhaus an der Route d’Arlon agebrach. D’Police huet sech doropshin op d’Sich gemaach a konnt méi spéit zwou verdächteg Persoune stellen. Si goufe festgeholl an en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter bruecht.
An der Strooss Op Waasserkierten zu Uespelt hat e Méindeg am Nomëtteg een Abriecher probéiert, sech Zougang an een Eefamilljenhaus ze verschafen. Beim Versuch gouf allerdéngs d’Alarmanlag ausgeléist an den Täter huet sech duerch d’Bascht gemaach. D’Sich vun der Police hat kee Succès.
An der Nuecht op en Dënschdeg war et zu Haastert engem Täter gelongen, an een Eefamilljenhaus anzebriechen. Hei gouf en allerdéngs vun engem Bewunner iwwerrascht an huet sech doropshin aus dem Stëbs gemaach. Och hei konnt d’Police méi spéit keng verdächteg Persoun fannen.
D’Police mécht dann nach eemol dorop opmierksam, wéi ee sech am beschte preventiv géint Abréch schütze kann.