
D’Beamten hu gesinn, wéi et wuel tëscht zwou Persounen zu engem Drogendeal koum. Béid Persoune sinn direkt kontrolléiert ginn. Beim presuméierten Dealer hunn d’Polizisten Drogen an en Telefon séchergestallt. De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a kënnt en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.