
Waren et 2019 nëmmen eng 70 Dossieren, déi traitéiert goufen, esou goufen zejoert schonn 214 Plaintë gezielt. Déi grouss Majoritéit sinn Dossieren, wou e Patient, respektiv en Etablissement Public, géint en Dokter geklot hunn.
Wann da Sanktioune geholl ginn, fält dëst an d’Kompetenze vum Conseil de Discipline. De Collège Médical kann dem Opportunitéitsprinzip no selwer decidéieren, ob eng Plainte verschafft gëtt oder net.
Datt eng Plainte um Niveau vum Collège Médical alt emol eng gutt Zäit brauch, bis se traitéiert gëtt, kann der Santésministesch no vill Ursaachen hunn. Esou kann de Medezinner net méi am Land sinn, de Plaignant huet en onkompletten Dossier eraginn, e Geriichtsurteel muss ofgewaart ginn oder et gi méi Plaintë géint en Dokter.
Déi längst Dauer, déi eng Reklamatioun traitéiert gouf, ware 5 Joer, well op Äntwerte vu Parquet a Gesondheetsdirektioun huet musse gewaart ginn.