ChamberkommissiounDräi nei ëffentlech Europaschoulen an Ausbau vu Lycéeën

Carine Lemmer
Lynn Cruchten
Lëtzebuerg wiisst an et komme Schüler a Schülerinne bäi. Dofir brauche mer méi Capacitéiten an eise Lycéeën, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.
Nei ëffentlech Europaschoulen an Ausbau vu Lycéeën
Lëtzebuerg wiisst an et komme Schüler a Schülerinne bäi. Dofir brauche mer méi Capacitéiten an eise Lycéeën, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

Hien huet den Dënschdeg de Moien den Deputéierten an der gemeinsamer Chamberkommissioun vun Educatioun a Logement a Landesplanung Detailer ginn zum Plan directeur sectoriel “Lycées”. D’LSAP hat dat gefrot.

Plan sectoriel fir d’Lycéeën / Reportage vum Carine Lemmer

Den ale Plan sectoriel vun de Lycéeën ass schonn 20 Joer al. Elo soll en neie Plang ausgeschafft ginn, deen 2028 wäert fäerdeg sinn. Geplangt ass elo emol, datt aktuell Lycéeën deels ausgebaut ginn an 3 nei ëffentlech Europaschoule kommen. Speziell a Regioune mat Schüler, déi deem Profil entspriechen, huet den DP-Minister erkläert. Dat heescht an d’Géigend vun Esch an Diddeleng an an déi Stater Regioun. Verschidden Deputéiert hunn och gefrot, datt déi privat Lycéeën am Plan sectoriel berécksiichtegt ginn. Do geet awer bal ee Véierel vun de Schüler hin.

Plaz gëtt enk an de Lycéeën

Wann net reagéiert gëtt, kéint et an den nächste Joren enk gi mat der Plaz an de Lycéeën. Am Westen, Géigend Stengefort an och am Norden ass d’Lycéesoffer den Ament nach méi limitéiert, hunn d’Deputéiert festgestallt. Dat wéilt een alles analyséieren, heescht et vum Ministère.

De Lampertsbierg gëtt “lycée-technesch” entlaascht, huet de Minister Meisch op Nofro vun der Lydie Polfer confirméiert. De Lycée Michel Lucius kënnt op de Kierchbierg an de Lycée technique du Centre op Gaasperech. Eng Antenn vun der Europaschoul Gaston Thorn kënnt awer op de Lampertsbierg.

Trend weider a Richtung ëffentlech Europaschoulen

Den Trend geet also kloer weider a Richtung ëffentlech Europaschoulen. D’Promotiounskrittäre sinn ze large, ass awer eng Kritik. De Minister Meisch äntwert dorobber, datt een zanter Joerzéngte gutt Erfarunge mat den zwou Europaschoulen um Kierchbierg a Mamer gemaach hätt. Jo, do géif et deels aner Krittäre gi mat der Promotioun an der Evaluatioun. Mä dat wär ganz komplex an et sollt ee sech dat a Rou ukucken. Den Observatoire de la qualité scolaire soll dat maachen. Och wat villäicht an eise Schoule géif Sënn maachen. En éischte Schrëtt wär elo schonn d’Alphabetiséierung op Franséisch.

Back to Top
CIM LOGO