An de leschte fënnef JoerStaat huet ronn 20 Milliounen Euro duerch ëffentlech Steeë vun Immobilie krut

Roy Grotz
Dat hunn de Gilles Roth an de Claude Meisch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro matgedeelt.
© LightFieldStudios (Envato)

D’Zuel vun Haiser, Bauterrainen an Appartementer, déi iwwert eng Stee verkaf goufen, ass bannent de leschte fënnef Joer vun 250 op 135 Stéck zejoert erofgaangen. Iwwert dës komplett Period gekuckt, goufen et knapp 1.370 Immobilien, déi op Steeë verkaf goufen, wou 164 Parzellen an 117 Appartementer u Persounen, déi am héchste gebueden hunn.

Wat d’Verkafsmoyenne vun de gesteete Wunnengen ass, kënnen d’zoustänneg Ministere Meisch a Roth awer net soen, well dacks Immobilien zesummen zu engem globale Präis versteet ginn. D’Steeë spullen natierlech och Enregistrementsrecetten an d’Staatskeesen: sou krut de Staat bannent de leschte fënnef Joer duerch 339 ëffentlech Steeë ronn 20 Milliounen Euro iwwerwisen.

Aktuell rechent den online Präis-Rechner vum Logementsministère an der Moyenne fir de Verkaf vun engem 80 Metercarré Appartement an der Staat eng Zomm vu 670.000 Euro, zu Esch sinn et iwwerdeem fir en identescht Appartement eng 450.000 Euro.

Link: Parlamentaresch Fro & d’Äntwert

Back to Top
CIM LOGO