
Et handelt sech ëm “Ratatouille gourmande” am Glas vun der hauseegener Mark aus dem Auchan. Et kéinte Stécker aus Glas am Produit sinn.
Beim zweete Réckruff handelt et sech ëm “Chipse mat Mieressalz vun der Mark Alnatura”. Wéi et heescht, kënnen dës op e puer Plazen hei am Land verkaf gi sinn. Betraff sinn déi Chipse vun där Zort, déi een am Zäitraum tëscht dem 11. Februar an dem 21. Mäerz dëst Joer kaf huet.