
Et wiere méi Avertissementer geschriwwe ginn am Zesummenhang mat Drogebesëtz an et goufen Persounen ermëttelt, déi signaliséiert waren, ënnert anerem wéinst dem Openthaltsrecht. Genee Zuele nennt d’Police hei awer net. An engem Fall gouf och wéinst illegalem Waffebesëtz protokolléiert.
Da mellt d’Police nach en Iwwerfall am Garer Quartier an der Stad. Hei gouf e Mann vun engem Täter menacéiert an him gouf säi Portmonnie geklaut. D’Sich vun de Beamten hat näischt erginn, ma Ermëttlunge goufen opgeholl.