
Dobäi koum de Pascal Ricquier op déi leschte Plaz a gouf deemno net direkt an de Comité vun der Gewerkschaft gewielt.
Bei deene Wale waren 12 Leit ugetrueden, fir 11 Posten nei ze besetzen. D’Marlène Negrini, déi ofgesate fréier Presidentin, koum op déi 9. Plaz an ass deemno direkt an den neie Comité gewielt.
Allerdéngs hunn eisen Informatiounen no antëscht 4 aner Leit aus dem Comité demissionéiert. Sou wieren trotz de Walen den Ament just 12 vun den am ganze 15 Comitésmandater besat.
E Méindeg huet d’Policegewerkschaft Generalversammlung. Spéitstens dann dierft sech decidéieren, ob de Pascal Ricquier noréckelt. Hie war mam OGBL an d’Sozialwale fir d’Staatsbeamtenkammer gaangen, net mat der CGFP, bei där den SNPGL affiliéiert ass.
No där Assemblée decidéiert de gewielte Comité a senger éischter Reunioun definitiv, wie fir déi nächst Jore wéi eng Charge iwwerhëlt, also President oder Presidentin gëtt.
RTL-News (29.1.25): Putsch bei der Policegewerkschaft: SNPGL-Presidentin Marlène Negrini ofgesat