Zil vun deem Gesetz ass et, wéi den Numm et scho verréit, d’Qualitéit vun de bestoende Servicer a Strukture fir eeler Leit ze verbesseren. Dat neit Gesetz gesäit ënnert anerem Qualitéitskontrolle vir, fir sécher ze goen, datt déi nei Bestëmmungen och an der Realitéit ëmgesat ginn.
Déi Kontrolle gi vun der sougenannter “Cellule Qualité” vum Familljeministère gemaach. Dobäi géingen Dossiere kontrolléiert ginn a gekuckt ginn, ob d’Prozeduren agehale ginn, erkläert den zoustännege Minister Max Hahn am RTL-Interview. Et géing awer och mat de Mataarbechter vun de Servicer a Strukture geschwat ginn a mat den eelere Leit selwer. D’Gesetz gesäit effektiv vir, datt all Service, deen ënner déi Qualitéitskontroll fält, op d’mannst eemol bannent dräi Joer kontrolléiert muss ginn. Enn 2024 sinn déi éischt Kontrollen um Terrain gemaach ginn. Am Ganze goufe bis elo 10 Wunnstrukture fir eeler Leit kontrolléiert.
Den Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur (Copas) weist sech op Nofro hin zefridden doriwwer, datt déi Kontrollen am Kader vum neie Qualitéitsgesetz gemaach ginn. De President vun der Copas fäert allerdéngs, datt déi Qualitéitskontrollen eng Surcharge un Aarbecht kéinte mat sech bréngen. Dat géing sech och schonn aus den éischte Kontrollen undeiten. Deemno géing sech och d’Fro vu Ressourcë stellen a vum Finanzement, ënnersträicht de Pierre Jaeger.
Fir e richtege Bilan ze zéien, wier et awer nach ze fréi, heescht et esouwuel vun der Copas, ewéi vum Familljeminister. No dräi Joer wëll de Familljeministère zesumme mam Secteur a mat de Concernéierten ee Bilan zéien. Dem Copas-President no misst awer schonn éischter gekuckt ginn, wou Verbesserungen néideg sinn a gegebenenfalls séier nogebessert ginn.
No engem Joer hätt een awer scho vill erreecht, fënnt den DP-Minister Max Hahn. Esou wieren zum Beispill nei Ulafstelle geschafe ginn, ewéi den Info-Senior, en Online-Regëster mat Wunnstrukturen an Aktivitéite fir eeler Leit oder den neie Service fir Informatioun a Mediatioun fir den drëtten Alter, kuerz Simpa.