
Den 112 mellt een Accident e Freideg am spéiden Nomëtteg mat 2 Blesséierten op der Autobunn A1 tëschent dem Houwald an dem Iergäertchen. Zwee Autoe waren aneneegerannt. De Rettungsdéngscht aus der Stad war am Asaz.
E Freideg géint 17.44 Auer hat dann och nach zu Mäerzeg am Kirchepad e Kamäin gebrannt. Hei koum keng Persoun zu Schued. De CIS Mäerzeg an Nordstad waren am Asaz.