Wéi d'Police schreift, koum et en Dënschdeg den Owend zu engem nawell bizare Virfall zu Hollerech.

Eng Patrull war an der Rue de la Vallée op e Grupp Männer opmierksam ginn. Si waren amgaangen, en Auto aus enger Parkplaz erauszedrécken a goufen dowéinst kontrolléiert. Domm ass allerdéngs, wann een op esou eng Iddi kënnt an et besteet e Mandat d'arrêt. A genee dat war bei engem vun de Männer de Fall, wéi sech bei der Kontroll sollt erausstellen.

Wéi d'Police schreift, koum dee Mann dann och an de Centre Pénitentiaire Uerschterhaff, virdru gouf et awer nach eng kleng Kontroll beim Dokter.