Da sot de Finanzminister Gilles Roth e Méindeg de Mëtten nodeems hien an der Chamberfinanzkommissioun war.

Do goung zesummen mam Premier Luc Frieden riets iwwert d’Sanktioun, déi Spuerkeess vun der CSSF krut, well hiren Dispositif géint Geldwäsch, Terrorfinanzéierung a Frauden net komplett war. Datt et keng Tabuen géif, dat huet de Gilles Roth och op d’Fro geäntwert, ob domat personell Konsequenzen gemengt wieren. Hien géif awer keng Personaldecisiounen diktéieren, net aus der Hëft schéissen an an et misst een dat a Rou kucken. «Mee, dat wat geschitt ass, ass fir mech net gutt.» De Gilles Roth huet bedauert, datt d’Spuerkeess, fënnef Joer no enger éischter Injonctioun net all Recommandatiounen vum Finanz- a Bankenregulateur CSSF ëmgesat hat.

De Gilles Roth sot, hien hätt d’Decisioun vun der CSSF ganz gelies: "Ech bedaueren, dass fënnef Joer nodeem déi Injunction vun der CSSF komm ass, dass déi Dispositiffen bei der Spuerkeess net vollëmfänglech der Reglementéierung vun de Geldwäschegesetzer entsprécht. Ech zéien och keng schnell Schlëss. Nach ass et esou, dass ech erwaarde vun deene betreffende Gremien - dat ass de Verwaltungsrot vun der Spuerkeess an dat ass och den Direktiounscomité vun der Spuerkeess - dass se opgrond vun deenen Erkenntnisser, déi d' CSSF dozou gefouert huet, fir eng Strof ze schwätzen, déi néideg Léieren zéien a fir mech als Finanzminister, ech hunn näischt ze diktéieren, mee do ziele keng Tabuen.”

De Gilles Roth no der Chamberfinanzkommissioun

Domat sinn och personell Konsequenze gemengt, huet de Finanzminister op Nofro gekläert.

De Gilles Roth huet och matgedeelt, datt am November de Bericht vun enger Auditfirma virleie wäert. Ënnert der Supervisioun vun där Firma wiere schonn eng Rei Verbesserungen an Ännerungen bei der Risiko-Gestioun ënnerholl ginn. “Ech schéissen net aus der Hëft, ech hunn och net Personalentscheedungen ze diktéieren. Dat muss een a Rou kucken, mee dat wat geschitt ass, ass fir mech net gutt”, huet de Minister nach emol ënnerstrach.
 
Wien wousst wat wéini?
 
De Gilles Roth hat den 2. Mee Bescheed gesot kritt, datt d’Spuerkeess eng Strof vun der CSSF géing kréien, mee datt si nach kéint e Recours gracieux maachen. Hien hat och de Premier Luc Frieden dowéinst net au Courant gesat. Misst de Premier net awer als éischten informéiert ginn, wann et ëm d’Spuerkeess geet? “Nee”, esou d’ganz knapp Äntwert vum Luc Frieden.
 
De Premier gouf also eréischt den 30. Juli vun der Millioune-Strof gewuer, wéi d’CSSF hire Communiqué verschéckt huet. Hien wosst also näischt, wéi en hien am Mee an d’Caritas-Spezialkommissioun war. De Luc Frieden sot no der Reunioun e Méindeg de Mëtten, dat wier "normal": “Ech sinn net de Ministre de tutelle vun der Spuerkeess, an dat ass och net fir de Moment Thema. D'Thema ass, hei huet d' Chamber gefrot, wat ech gewosst hat, wéi ech an d' Chamber komm sinn. An ech muss soen, datt ech keng Anung hat vun där Decisioun. An dat ass och erëm eng Kéier normal, bis déi Decisioun geholl ass, well do ginn et jo och Recoursméiglechkeeten. Et ginn jo vill Établissements publics, et gi vill Prozeduren, an dat kënnt net alles beim Premierminister op den Dësch, Gott sei Dank, well soss léich op mengem Dësch ganz vill.”

De Luc Frieden sot no der Reunioun e Méindeg de Mëtten

D’Direktioun vun der Spuerkeess war e Méindeg de Mëtten och an der Finanzkommissioun vun der Chamber. Si hat ugebueden, weider Erklärungen ze ginn, nodeems Oppositiounsdeputéiert der Meenung waren, déi Responsabel vun der Bank hätten der Caritas-Spezialkommissioun Ufank Mee net ganz d’Wouerecht gesot. Deemools hate si ënnerstrach, all d’Prozeduren vun der Bank wieren agehalen ginn. Par contre hate se näischt gesot, datt eng Sanktioun ënnerwee wier, well déi Prozeduren net komplett wieren. Si hu nodréiglech erkläert, dat wier net méiglech gewiescht, well si nach d’Méiglechkeet haten, Recours ze maachen.