E Samschdeg war de Finanzminister Gilles Roth eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Background am Gespréich mam Gilles Roth

De Budget vum Zentralstaat (ouni Sozialkeesen a Gemengen) schléisst d'Joer 2024 mat engem Defizit vu "just" 99 Milliounen Euro of. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth e Samschdeg de Mëtteg hei op RTL deklaréiert. Enn Dezember war een nach vun dengem Defizit vu ronn 300 Milliounen ausgaangen. Bei der Regierungsbildung Enn 2023 war nach en Defizit vu ronn 3,2 bis 3,6 Milliarden Euro virausgesot ginn.
 
Datt d'Aschätzungen am Virfeld vum Budget an dat, wat um Enn erauskënnt, dacks wäit auserneeleien, wier net gutt, awer och net einfach ze evitéieren. Déi grouss Differenz géing virun allem dorunner leien, datt grad emol 650 Betriber 75 Prozent vun der Kierperschaftssteier bezuele géingen. Hie géing mat der Steierverwaltung kucken, d'Recettë besser ze erfaassen.
 
De Finanzminister huet awer gewarnt, et misst ee "virsiichteg bleiwen" an "net an Euphorie verfalen". Et kéint een net einfach soen "elo leeft erëm de Buttek, da kënne mer riets a lénks verdeelen". Et misst een den néidege "Puffer" hu fir Ausgaben, déi ustinn.
 
Wann et net zu enger gréisserer Kris komme géing, dierft déi Lëtzebuerger Staatsverscholdung bei 25-26 Prozent vum Bruttoinlandprodukt bleiwen. Domadder wier Lëtzebuerg eent vu ganz wéinegen EU-Länner, dat ënnert der magescher Grenz vun 30 Prozent bleiwe géing.
 
Steierreform: Transitiounsphas fir Klass 2?
 
Un der annoncéierter Steierreform wéilt ee festhalen. Häerzstéck ass d'Schafe vun enger eenzeger Steierklass. Hie wéilt am Juli an der zoustänneger Chamberkommissioun éischt Piste presentéieren. Dono géing ee sech awer och nach mat de Sozialpartneren austauschen. Zil ass, sech eens ze ginn iwwert ee Steiertarif, "wou d'Leit näischt verléieren", esou de Gilles Roth.
 
An der Steierklass 1 (Jonggesellen) bezilt een aktuell eréischt vu ronn 13.000 Euro u Steieren an da klëmmt den Taux vu Montant zu Montant. An de Klassen 1A an 2 bezilt een eréischt vu 26.000 Euro un. Bedeit dat, datt mat enger eenzeger Steierklass besonnesch d'Jonggesellen entlaascht ginn? 
 
Eng Méiglechkeet kéint sinn, datt den neie Steiertarif relativ no un der Steierklass 1A wier, huet de Finanzminister erkläert. Elengerzéier a Leit iwwer 65, Wittleit géingen näischt verléieren. Fir Leit an der Steierklass 2 misst een eng "Iwwergangsphas" virgesinn, fir datt déi net direkt méi Steier bezuele géingen.
 
6,5 Indextranchë sinn an der Tabelle berengegt ginn. Déi aner Tranchen, déi nach opstinn, kéint een a sengen Aen an der Reform mat eenzeger Steierklass integréieren.
 
Ureizer fir Konstruktioun net verlängeren
 
Wat d'steierlech Ureizer fir de Bausecteur ugeet, huet sech de Finanzminister dofir ausgeschwat, datt se net méi iwwert Enn Juni aus verlängert ginn. Dat sinn notamment den Amortissement accéléré, de quart-taux bei Plus-valuen an den halbéierten Enregistrement. 
 
De Gilles Roth sot, elo wou de Bausecteur nees besser rullt, datt déi Mesuren, déi d'Demande ënnerstëtzen, riskéiere géingen, d'Präisser z’iwwerhëtzen. Mee hien huet och betount, datt et um Enn eng Decisioun vun der Chamber wier.
 
BIL: Roth konnt nach keng Aussoe maachen
 
Mat Bléck op d'Rumeure ronderëm d'BIL huet de Gilles Roth ënnerstrach, datt hie ganz virsiichteg misst sinn, well den Haaptaktionär vun der Bank, Legend Holdings, op der Bourse kotéiert ass. Hie kéint awer versécheren, datt de Staat net wëlles hätt, eppes u senger Participatioun an Héicht vun 10 Prozent ze änneren.
 
Hie géing sech dann och als ee vu wéinegen europäesche Finanzministere fir eng weider wirtschaftlech Kompetitivitéit vum Finanzsecteur staark maachen. Dowéinst wéilt een eng iwwersiichtlech Reglementéierung an net ze vill bürokratesch Hürden.
 
Roth erwäänt Iddi vun "Defence-Bonds"
 
De Gilles Roth setzt dann och op eng gutt transatlantesch Zesummenaarbecht, och ënnert enger Administratioun Trump. Dofir bräicht et awer een Europa, dat sech rëm op seng eege Stäerkt besënnt. Dat hätt een an der Vergaangenheet scho gewisen, wéi een op Taxen op europäesch Produite mat Géigentaxen op amerikanesch Produite reagéiert huet.
 
Wat d'Verdeedegungsdepensen ugeet, bräicht een eng Trajectoire, déi iwwert ee längeren Zäitraum geet. Aktuell géing den Defensebudget bei 780 bis 800 Milliounen Euro pro Joer leien. Wa Lëtzebuerg op 2 Prozent vum Bruttonationalprodukt eropgoe géing, wieren dat zousätzlech Depensen an Héicht vu 400 Milliounen Euro.
 
Et misst een d'Defenseausgabe méi breet denken an net just op Helmer oder Panzere beschränken. Et bräicht Investissementer, déi eng wirtschaftlech Plus-value bréngen. Als Beispiller huet de Finanzminister d'Beräicher vun de Satellitten, den Dronen an der Cybersécherheet genannt.
 
Déi zousätzlech Depensen an d'Defense wëllt de Gilles Roth net eleng mat Scholde finanzéieren. Et bräicht och eng nei Prioriséierung vun den Ausgaben. Net all Rond-point oder all Strooss wier zum selwechte Moment prett, dowéinst misst ee besser oppassen, wéi vill een am Budget fir ee konkrete Projet virgesäit. Eng weider Méiglechkeet wier d'Aféierung vun engem sougenannten Defence-Bond. Un de Sozialstaat wéilt hien awer net fréckele goen.
 
Ni Spautz, ni Mischo, mee CSV
 
"Ech sinn Team CSV an et braucht ee Kapitän op der Bréck", esou dem Gilles Roth seng Äntwert op d'Fro, ob hien an der Diskussioun iwwer de Sozialdialog éischter dem Aarbechtsminister Georges Mischo oder dem CSV-Fraktiounschef Marc Spautz nostoe géing. 
 
Jiddereen hätt d'Recht, sech anzebréngen an och seng Meenung ëffentlech ze soen, ma et wier méi konstruktiv, wann een intern ee Konsens fannen an deen dann och gëeent no bausse vertriede géing.
 
Et wier d'Recht vun de Gewerkschaften, op d'Strooss ze goen an hie géing et och seriö huelen, wann d'Salariatsvertrieder sech ongerecht behandelt fille géingen. Ma et wier een awer och scho mat konkrete Mesuren op d'Doleancë vun de Gewerkschaften agaangen. Esou hätt een zum Beispill d'Steiertabell ëm 6,5 Indextranchen ugepasst an de Mindestloun steierfräi gemaach an Elengerzéiender ënnerstëtzt.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.