Géint 12.40 Auer koum et an der Kopleschter Strooss op der N12 tëschent dem Rollengergronn an dem Briddel zu engem déidlechen Accident

Wéi aus dem Bulletin vun der Police ervirgeet, huet den 19 Joer ale Motorradsfuerer an enger rietser Kéier d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass gefall. Hien ass nach op der Plaz u senge Blessure verscheet. De Parquet gouf informéiert, den Accident soll elo genee ënnersicht ginn. D'Streck ass entretemps fir den Trafic gespaart.

Géint 17.32 Auer e Mëttwoch war et, wéi de CGDIS schreift, zu engem Accident tëscht Rëmerschen a Schengen komm. Hei waren zwee Autoen net laanschtenee komm. Hei gouf et kee Blesséierten. Um Asaz waren d'Rettungsekippe vu Réimech a Schengen.

Eng weider Kollisioun war iwwerdeem géint 18.22 Auer tëscht Waasserbëlleg a Méischdref geschitt. Hei gouf eng Persoun blesséiert a vun den Ambulanciere vu Mäertert an Iechternach versuergt. Donieft waren och d'Pompjeeë vu Mäertert op der Plaz.