Schoulofbriecher ënnerstëtzen, fir hire Wee ze fannen
Stonnelaang am Klassesall sëtzen an all méiglech Matièrë léieren. De klassesche Schoulsystem ass sécher net fir jiddereen.
D'Schoul ofbriechen ass dobäi heiansdo d’Resultat. Zu Lëtzebuerg gëtt et verschidde Projeten, mat deenen déi jonk Schoulofbriecher ënnerstëtzt ginn, fir hire Wee am Liewen ze fannen. D’Carla Schuller huet sech zwou Offeren ugekuckt.
Den Taux vum sougenannten décrochage scolaire war d'lescht Schouljoer méi héich, wéi dat Joer virdrun. Am Moment géif ee bei iwwer 8 Prozent leien, esou heescht et vum Educatiounsminister Claude Meisch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz. Vum nächste Schouljoer u gëtt den Alter vun der Schoulflicht graduell op 18 eropgesat, fir weider Schoulofbréch ze evitéieren.
Lëtzebuerg steet am Verglach zum europäeschen Ausland awer nach ëmmer net all ze schlecht do, erkläert d’Nathalie Schirtz, Directrice adjointe vun Service National de la Jeunesse:
"Also mir leien ënnert der europäescher Moyenne, déi ass bei 9,3 Prozent. Déi aktuell Zuele vu 2024 sinn allerdéngs nach net eraus, mee dat hei ass elo am Verglach mat 2023. An och d'Europäesch Kommissioun gëtt am Fong eng Benchmark vir, ënnert där d'Länner all sollte bleiwen an do leie mer och ënnert deenen 9 Prozent, déi do virginn sinn."
© Lynn Cruchten
Zu Esch gëtt et de Centre Formida, wou Jonker tëscht 12 a 24 Joer hir professionell a schoulesch Kompetenze verbessere kënnen. Dëse schoulesche Projet hëlleft de Jonken, déi hire Wee an der Schoul net fannen, rëm e Fouss zeréck an d’Schoul oder an d’Beruffswelt ze setzen. D’Reintegratioun ass d’Zil. Déi Jonk léieren do awer net nëmme berufflech Kompetenzen, betount de Laurent Giberyen, Educateur am Centre Formida:
"Ee wichtegen Aspekt hei am Centre Formida ass, dass mir um Sozioemotionalen och mat deene Jonke schaffen. Mir bidde verschidde Workshops un, wou mir mat hinne Stressregulatioun trainéieren. Dat heescht, wéi ginn ech mat menge Gefiller ëm a Situatiounen, déi fir mech schwiereg sinn. Dat musse mer mat deene Jonke léieren, well se ëmmer erëm wäerten a Situatioune geroden, déi fir si schwiereg sinn, fir dass se do awer gutt duerchkommen."






















Den Atelier vum nationale Jugendservice ass ausserschoulesch. Am Géigendeel zum Centre Formida gëtt et kee feste Cours. Och dat primäert Zil ass en anert, erkläert d’Marie-Lou Goedertz, Responsabele vun deem Atelier.
"D'primäert Zil ass am Fong, dass se erëm aus der Inaktivitéit erauskommen. Also oft déi Jonk am Atelier, déi si vläicht schonn eng länger Zäit doheem oder hu vläicht familiär Problemer, perséinlech Problemer, wou se e bësse gehënnert hunn, fir vläicht direkt e Service volontaire ze maachen. Dat heescht, se fänken oft bei eis un, fir mol erëm e Rhythmus ze kréien, en Alldag am Liewen a vläicht sech och kreativ auszetoben mat den Experten."
Déi Jonk kréien duerch dës Projeten eng Alternativ ugebueden a kréien eng aner Perspektiv.
"Et war fir mech de bessere Choix, well hei ass et méi kierperlech. Du kanns dech an der Beruffswelt am Fong esou etabléieren. Mäi Projet ass elo dëst Schouljoer nach hei ze bleiwen, fir mech e bëssen ze stäerken, well ech hu wéinst Mobbing d'Ackerbauschoul ofgebrach", esou d'Erfarung vun engem Schüler.
"Also, an der Schoul war ech ganz gutt, mee ech hunn einfach opgehale wéinst e puer Problemer an ech wollt halt Tattouage maachen oder iergendeppes mat Konscht. An ech hat vir erëm an d'Schoul ze goen, an deem ech och awer d'Tattouage-Ausbildung maachen", esou en aneren Temoignage.
Wichteg wier et ze verstoen, dass déi Jonk net onbedéngt liddereg wieren. Si wéilten nei Saache léieren, si di sech just schwéier mam traditionelle Programm.
Am Moment sinn an den zwee genannte Projeten awer keng Plaze méi fräi. Dowéinst wier wichteg, an Zukunft méi Projeten ze organiséieren, heescht et vun de Responsabelen.