En Donneschdeg den Owend goufen an der Jongmëtt direkt e puer Residencen evakuéiert – eng Virsiichtsmoossnam.

Géint 20.20 Auer war nämlech Alarm ausgeléist ginn: En Detekter am ënnerierdesche Parking vum viischten Deel vun der Jongmëtt hat ugeschloen. A well dee Parking ënnert dräi verschiddene Gebaier ass, hat den Alarm gréisser Auswierkungen. Eng ganz Partie Leit goufe virsiichtshallwer evakuéiert an hu sech op der Plaz am Zentrum vu Lënster respektiv an der Rue de la Gare versammelt.

A well esou vill Leit – potenziell – betraff waren, sinn och ëmmer méi Pompjeesween agetraff; nieft de Lënster Pompjeeën och nach e sëllege Corpsen aus der Ëmgéigend.

RTL

Pompjeesween an der Rue de la Gare.

D'Pompjeeën hunn alles ënnersicht, konnten awer weeder Damp, nach Feier am Sous-sol fannen. Géint 21.15 Auer gouf doropshin Entwarnung ginn an d'Leit konnten nees an hir Wunnenge goen.

E falschen Alarm war schold um groussen Asaz.

RTL

Well mat der Jongmëtt e Wunngebitt mat villen Awunner betraff war, waren eng jett Corpsen op Lënster an den Zentrum komm.