De Planning Familial kritiséiert déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Asbl Vie Naissante.

D’Majoritéit am Stater Gemengerot huet e Méindeg decidéiert sou eng Organisatioun, déi géint de fräie Choix ass, finanziell ze ënnerstëtzen. Dat wär de Contraire zu de Rechter, déi een hei am Land hätt, schreift de Planning an engem Communiqué e Freideg.
 
An dësem konkrete Fall geet et ëm d’Asbl Vie Naissante, déi fir hire 50. Anniversaire e Subsid vun 2.200 Euro vun der Stater Gemeng krut. D’LSAP, déi Gréng an déi Lénk hunn dogéint gestëmmt. Vie Naissante setzt sech eegenen Aussoen no fir manner Ofdreiwungen hei am Land an.