D'Ost-Deputéiert, DP-Generalsekretärin an Iechternacher Buergermeeschtesch deelt dat op de soziale Medie mat.

Hei heescht et, datt si beim Kongress Enn dës Mounts wëll kandidéieren, fir d'Parteispëtzt vun de Liberalen ze iwwerhuelen.

De Lex Delles hält jo als Parteipresident vun der DP op. Hie wëll beim Kongress de 27. Abrëll net méi fir d'Parteispëtzt kandidéieren, sot de Wirtschafts- an Energieminister géintiwwer dem Wort, an huet RTL dat op Nofro hin och confirméiert.

E Wonschkandidat fir d'Successioun wollt de Lex Delles am Interview net nennen, hie wollt och net confirméieren, datt d'Corinne Cahen Interessi hätt, d'Spëtzt vun der liberaler Partei nees ze iwwerhuelen. De Lex Delles war 2022 DP-Parteipresident ginn.