D'Police an d'Douane hunn um Freideg de Moien tëscht 8.30 an 11 Auer eng Verkéierskontroll an der Ettelbrécker Strooss zu Dikrech duerchgefouert.

Hei hunn dann och eng Partie Automobiliste mussen erklären, wisou hir Pabeieren net an der Rei waren.

A siwe Fäll haten d'Gefierer keng valabel technesch Kontroll, iwwerdeems fënnef Automobiliste keng gülteg Steiervignette virweise konnten.

Ee Chauffer war mat engem Fürerschäin ënnerwee, deen ofgelaf war, wärend een huet mussen e Protokoll bezuelen, well d'Kand am Auto net richteg ugestréckt war.

Da schreift d'Police nach, dass een Auto net verséchert war an de Chauffer doropshi protokolléiert gouf.