Gemenge sollen an Zukunft déi selwecht Subventioune kréien, ewéi aner Promoteuren, déi soziale Wunnraum schafen.

Esou d’Annonce vum DP-Logementsminister Claude Meisch um Freideg de Mëtteg virun der Press. Dat ass eng vun direkt e puer Ännerungen, déi um Gesetzestext fir abordabele Wunnraum vun August 2023 gemaach ginn.

Dat aktuellt Gesetz gesäit fir Promoteuren déi abordabele Wunnraum schafen, ewéi zum Beispill d’SNHBM, eng finanziell Hëllef vu bis zu 75 Prozent vir, esou wuel um Terrain, ewéi um Bau. Fir déi aner 25 Prozent, déi d’Promoteure mussen aus der eegener Täsch bezuelen, garantéiert de Staat ee gewësse Rendement iwwer 40 Joer. Ausser fir d’Gemengen, ënnersträicht den zoustännege Minister Claude Meisch. An Zukunft sollen d’Gemengen déi selwecht Konditioune gebuede kréien. Dat heescht:

"Net méi nëmmen déi 75 Prozent direkt Investitioun, mee eben och duerno an der Durée, wa se zum Beispill mussen een Emprunt maache fir déi aner 25 Prozent ze finanzéieren, datt se de Remboursement an d’Zënsen eigentlech iwwer deen dote Wee och da finanzéiert kréien, an datt et fir si budgetsneutral gëtt."

De Logementsministère erhofft sech doduerch, datt d’Gemenge sech méi staark fir abordabele Wunnraum engagéieren. Och bei der Locatioun vun abordabele Wunnengen gouf am Gesetzestext nach eng Kéier nogebessert.* Esou spillt bei den Attributiounskrittären an Zukunft och d’Fro, ob eng Persoun elengerzéiend ass oder net.

"Nieft aner Krittären, déi net domat degradéiert ginn, mee dat heiten och ganz besonnesch nach eng Kéier ee Grond ka sinn, fir bei der Attributioun ze soen, jo d’Wunneng geet un déi dote Famill, well mer do och grad méi erreechen an éischter eppes a punkto Aarmutsbekämpfung kënne maachen." 

Do dernieft gouf och de Prinzip vun der Regionaliséierung am neie Gesetzestext verankert. Zil wier et, datt de Plaffong fir déi entspriechend Subventiounen un de reelle Präis, deen an enger Regioun bezuelt gëtt, ugepasst ass.

"An och en Fonction ass vun der Situatioun, datt ee vläicht an engem Ballungsgebitt ass, datt ee méi no bei der Aarbecht ass, datt ee méi no beim ëffentlechen Transport ass, also do och higeet, wou mer eigentlech gären déi Wunnengen och hätten."

Dat also e puer Punkten aus dem neie Gesetzestext fir erschwéngleche Wunnraum, deen dëse Freideg am Regierungsrot ugeholl gouf. Den Text ass elo um Instanzewee. Weider huet de Logementsminister eng iwwerschaffte Versioun vum Pacte logement 2.0 ugekënnegt, ouni awer ee geneeën Datum ze nennen.

*An enger éischter Versioun hate mir geschriwwen, datt bei de Loyerssubventiounen nogebessert gi wier. De Logementsministère huet eis awer dorop opmierksam gemaach, datt bei de Loyerssubventiounen d'Monoparentalitéit schonn am Barème berücksichtegt gëtt an d'Ännerunge bei der Locatioun vun abordabele Wunnenge gemaach goufen.