Am Park nieft der Gemeng zu Péiteng ass et den 30. Mäerz tëscht 19 an 19.14 Auer zu enger Ausernanersetzung komm, bei där och e Messer an den Asaz koum.

Wéi d'Police-Beamten op der Plaz ukomm sinn, si se engem Mann begéint, dee Stéchblessuren hat. Dës Persoun koum no enger éischter Behandlung op der Plaz an e Spidol. De presuméierten Täter konnt festgeholl ginn.

De 4. Abrëll huet d'Police en Opruff gemaach, dass se no Zeie vun där Ausernanersetzung sichen. Dës solle sech wgl. bei der Police vu Käerjeng/Péiteng mellen, via Telefon um (+352) 244 56 1000 oder via E-Mail.