E Freideg um 15.30 Auer huet sech an der Rue de Luxembourg zu Leideleng en Automobilist mat sengem Gefier iwwerschloen.

D'Strooss huet a béid Richtunge musse fir den Trafic gespaart ginn, wat deementspriechend fir Stau op där Plaz gesuergt hat. Géint 16.20 Auer war d'Strooss nees op. Wéi de CGDIS schreift, ass eng Persoun beim Accident verwonnt ginn.

Ee Blesséierte gouf et dann och e Freideg de Moie kuerz virun 11 Auer, wéi sech um CR356 tëscht Brouderbuer a Gilsdref en Auto iwwerschloen huet.