Wéi d'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung e Freideg am spéiden Nomëtteg mellt, gëtt et Problemer mat enger Schockelaszort.

An der Tablett Schockela vun 180 Gramm mat Mandelen a Miersalz vun der Mark Tony's Chocolonely si Friemkierper dran. Betraff sinn d'Loen 162696, 163150, 163512. Dës Zort Schockela kritt een op e puer Plazen hei am Land ze kafen.