Campagne ëm d'Pensiounsdebatt war eng "Schäin-Debatt"
D'Campagne ronderëm d'Pensiounsdebatt "Schwätz mat" ass net representativ fir d'Populatioun a war eng Schäin-Debatt, wou d'Resultat vu vir era feststoung.
Vun enger Schäin-Debatt huet de Romain Wolff vun der CGFP e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz geschwat, op där d'Staatsbeamtegewerkschaft ënnert anerem op d'Pensiounsdebatt agaangen ass. D’Campagne "Schwätz mat" wier absolut net representativ an am Virfeld vun der Debatt iwwer d'Pensioune wieren ëmmer erëm geziilt déi Jonk géint déi Al, an den Ëffentleche- géint de Privatsecteur ausgespillt ginn, bedauert d'CGFP.
De President Romain Wolff begréisst, datt een hätt kënne mat um Dësch sëtzen an, datt een en Donneschdeg Detailer krut iwwert de Kompensatiounsfong:
"Wat awer net sou gutt war: d'Ministesch huet ausser Moien an Äddi näischt zum Inhalt gesot. Dat heescht, mir si genee esou schlau wéi deemools, wou d'Campagne "schwätz mat" ugaangen ass."
Et géif een elo op d’Textpropos vun der Regierung waarden, déi am Hierscht soll kommen, ma d'CGFP gleeft net drun, datt d'CSV-DP-Regierung net elo scho wéisst, wat do dra stoe géif. Wat hir Fuerderungen da betrëfft, huet de Romain Wolff ënnerstrach, datt de Kompensatiounsfong e Puffer wier, dee misst kënne genotzt ginn, allerdéngs net fir aner Saachen. De Reajustement dierft net a Fro gestallt ginn, d’Studiejore misste mat agerechent ginn an, wann een d’Leit méi laang am Aarbechtsprozess hält, misste se positiv incitéiert ginn.