Serge Wilmes reagéiert op Apartheid-Kritik vum Patrick Dury
Um Donneschdeg um 1. Mee hunn d'Gewerkschaften net mat Kritik un der Regierung gespuert.
Ënnert anerem war et de Reproche, datt dës net un engem richtege Sozialdialog interesséiert wier. D'Gewerkschaften dierften zwar hir Meenung soen, mee d'Decisioune géinge scho virdru feststoen. Den LCGB-President Patrick Dury huet zudeem d'Ënnerscheeder tëscht dem ëffentlechen Déngscht an dem Privatsecteur kritiséiert an an deem Kontext de Begrëff Apartheid benotzt. Eng Ausso, déi de Minister vun der Fonction publique Serge Wilmes esou net stoe loosse wëllt.
"Wann een d'Wuert Apartheid an de Mond hëlt, da weess een net, vu wat ee schwätzt. Well dat war ee rassistesche System, wou ee Leit an zwou Klassen agedeelt huet, déi, déi Rechter haten an déi, déi keng Rechter haten. Ech mengen net, datt een dat hei zu Lëtzebuerg, mat de Leit, déi hei wunnen, ka maachen. All Leit si Bierger vun engem Land, sinn EU-Bierger oder vu soss iergendwou, mee si hu Rechter hei zu Lëtzebuerg. Si kënne bei deene meeschte Wale wiele goen, Gemengewalen, Europawalen, si hu Rechter op Sozialleeschtungen, si bezuele jo och Steieren. Si hu Rechter op alles, wat soss d'Awunner hei hunn. Ech fannen, dat ass ee Verglach, deen een net ka maachen."
D'Regierung wéilt gutt Aarbechtsplaze fir all d'Salariéen an géing net déi eng géint déi aner ausspillen. Hie géing zwar verstoen, wat de Patrick Dury soe wollt, mee de Begrëff Apartheid hätt hien awer net dierfen an de Mond huelen.