Dat seet d’Joanne Olivier, déi nei brittesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg am Interview mat RTL Today.

Zanter dem 23. Abrëll huet d’Ambassade um Boulevard Joseph II eng nei Cheffin. Am Géigesaz zu den USA spillt Groussbritannien net mam Gedanken, fir hir Vertriedung am Grand-Duché zouzemaachen. "Du kanns ee Land just richteg verstoen, wann s du op der Plaz bass a mat de Leit schwätz, se vu ganz no observéiers. Dat ass schwéier op Distanz. An dëser Zäit vu geopoliteschem Ëmbroch an och fir d’Erneierung vun eise Frëndschaften an Europa, ass et fir eis wichteg, hei zu Lëtzebuerg ze sinn.” 

Déi brittesch Regierung ëm de Premier Keir Starmer hätt ee Mandat fir nei Relatioune mat der EU opzebauen, seet d’Joanne Olivier. Deen éischte Sommet tëscht Groussbritannien an der EU ass dësen 19. Mee zu London. E Rapprochement géif béide Säiten notzen. Wirtschaftlech, grad wéi a Sécherheets- an Energiefroen. "Ech denken d’Evenementer op der Welt bréngen eis mi no beieneen. Mir hunn zwar dofir gestëmmt fir d’EU ze verloossen, Europa awer net verlooss.  D’Bilateral Relatiounen tëscht Groussbritannien an der EU si vital fir d’eur-atlantesch Sécherheet, fir eis Wirtschaft an eisen Handel."

Mat senger internationaler Perspektiv, als Nato-Member, mee och als Sëtz vun enger Rei EU-Institutiounen, hätt Lëtzebuerg eng staark Stëmm. Groussbritannien a Lëtzebuerg hätte vill gemeinsam Valeuren an Interêten, béid Finanzplaze wäre komplementar.

“Do gëtt et also och ee groussen Interessi fir eng staark Relatioun. Zanter Joerzéngten hu mer staark Lienen an deem Beräich. Dat wäert och zukünfteg Collaboratiounen a Strategien undreiwen an de Beräicher Space, Technologie, Innovatioun a potentiell och der Finanzéierung vun der Defense."

Och fir seng Agilitéit gëtt de Grand-Duché vun de Britte geschätzt. Déi nei Ambassadrice wëll sech zäitno mat den eenzele Lëtzebuerger Ministeren treffe, grad wéi mat den Acteure vun der Finanzplaz, fir den neie Rapprochement virun ze bréngen.