Enn Abrëll kruten d’Famille vu Kanner-Patienten am Rehazenter gesot, se bräichten net méi zeréckzekommen. Mineure géifen net méi encadréiert ginn.

E Schock Moment fir vill Elteren. De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet reagéiert séier a verséchert, datt Kanner weider en charge geholl wäerte ginn. De Ministère kënnegt un, eng gesetzlech Basis ze adaptéieren, déi fir de ganze Chaos schëlleg ass.

Fir déi meescht Eltere koum d’Noriicht als absolutte Schock. Esou och fir d'Danielle Schlechter. Hiert Jéngst, d’Emma, verléiert Enn 2024 säi lénksen Aarm duerch Kriibs. Ugangs vum Joer fänkt et d’Rehabilitatioun am Rehazenter un, bis datt et bemol Enn Abrëll vun der Doktesch quasi "Äddi a Merci" heescht. Et bréicht een net méi erëmzekommen.

"Se war ganz nervös an et huet ee gesinn, datt et hier géif leeddoen, wat se eis deen Dag misst matdeelen. Se ass am Ufank net mat der Sprooch erauskomm an do sot ech hier, ech menge se hätt mer eppes ze soen. Du sot se eis, datt de Rehazenter leider keng Therapie méi fir Kanner géif ubidden", zielt d'Danielle Schlechter, d'Mamm vum 11 Joer alen Emma.

Stationär an net-stationär Kanner si betraff, esou och d’Emma. D'Danielle Schlechter léisst sech dat awer net gefalen, schreift direkt sëllegen Deputéierter un a kontaktéiert d’Medien.

"Mir hate wierklech Angscht, datt et géing a sech erafalen. An eng Depressioun géif falen. Well d’Emma ass richteg opgeblitt duerch de Rehazenter. Et war einfach sou: ech ginn elo enzwousch anescht hin, do ginn ech gutt empfaangen. Ech däerf elo schwamme goen. Ech däerf mech elo anescht beweegen. Den Ergo-Therapeut huet him Tricker gewisen wéi ee mat enger Hand seng eege Schong stréckt. Wee weess dat vun eis? Ech hätt him dat net kenne weisen." sou dem Emma seng Mamm.

De Grond fir de Chaos läit bei der juristescher Basis am Spidolsgesetz. Dëst gesäit d’Servicer vum Rehazenter just fir Erwuessener vir. Fir Kanner gëtt et keng explizitt Zoustännegkeet am Gesetz. En Abrëll heescht et also: Schluss.
RTL-Informatiounen no hu sech eng ganz Rei Doktere schockéiert iwwer d'Decisioun aus de Chefetage vum Rehazenter gewisen. Et wier Deels och intern protestéiert ginn.

Dat ganzt huet och relativ séier Welle geschloen: sou, datt den zoustännege Ministère en Dënschdeg kuerzerhand agräift. An engem Schreiwes heescht et:

"Mir hunn Nott geholl, dass verschidde medezinesch Fachleit d'Elteren informéiert sollen hunn, datt hir Kanner net méi versuergt ginn. Wann dat de Fall ass, wëlle mir déi betraffe Famillje berouegen, datt dës Kanner weider en charge geholl wäerte ginn." 

Vum Rehazenter koum op Nofro bis Redaktiounsschluss keng Reaktioun.

Och de Ben Koch, Papp vum klenge Mia, dat lescht Joer mat engem Tumor am Gehier opréiert gouf, war Ugangs enorm enttäuscht. Dat klengt Mia ass zanter August d’lescht Joer fir seng Sequellen am Rehazenter a Behandlung, well déi lénk Hallschent vum Kierper deels nach geläämt ass. Et wier een immens dankbar fir déi ganz geleeschten Aarbecht am Rehazenter, mee:

"Et huet ee guer net verstanen am Ufank, wisou ass elo bemol eng Situatioun ronderëm e Gesetz verantwortlech, datt een elo vun haut op muer doduerch net méi kann an eng Betreiung goen. Zemools mat deene klengsten an eiser Gesellschaft. Ech well dat elo net als Spillball gesinn tëscht Politik a Rehazenter. Mee et ass een awer iergendwéi do dotëscht. Vun engem Dag op deen anere ginn engem do honnert Froen duerch de Kapp: wéi geet et elo weider? Muss ech elo iergendwou an d’Ausland?"

Wéi geet et elo virun? De Ben Koch waart jiddefalls op en Telefon vum Rehazenter, mat enger Äntwert op d’Fro, wéini d’Mia dann elo nees säin Traitement dierf ufänken.