Serbesch Studente lafen, fir op Situatioun an hirem Land opmierksam ze maachen

© Serbian Students Running for Justice
Op der Place Clairefontaine war e Samschdeg am Nomëtteg eng Studentendemo, bei där d'Participanten deels schonn eng 1.900 Kilometer hannert sech haten.
Den Organisateuren no hate sech eng 300 Leit do zesummefonnt, fir eng Rei serbesch Studenten ze ënnerstëtzen, déi op eng méi ongewéinlech Aart a Weis op d'Mëssstänn an hirem Heemechtsland opmierksam maache wëllen. Ënnert anerem d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den a Serbien gebuerene Gréngen Deputéierte Meris Sehovic waren do, fir d'Studenten ze empfänken.
Am ganzen 21 Leefer - alles Studenten a keng professionell Athleten - sinn zanter dem 25. Abrëll an engem Staffelllaf tëscht der serbescher Stad Novi Sad op Bréissel ënnerwee. Hir Demonstratioun huet si schonn duerch eng jett Länner gefouert, vun deene Lëtzebuerg dat lescht virun der Arrivée e Méindeg zu Bréissel war.
Mat hirer Aktioun wëllen d'Studenten op d'Korruptioun a Serbien opmierksam maachen. An der Stad Novi Sad, wou d'Studente lassgelaf sinn, koum et den 1. November 2024 zu engem déidlechen Accident, wou den Daach vun der Gare an de Koup gefall war. 16 Leit koumen ëm d'Liewen. D'Ursaach vum Accident gëtt nach ënnersicht, ma an der Folleg vum Tëschefall sinn a Serbien eng jett Demonstratioune géint Korruptioun a medialer Zensur ausgebrach.